Observatorio Astronómico de La Sagra
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Observatorio Astronómico de La Sagra (OLS) ass e spueneschen Astronomeschen Observatoire an der Géigend vun der Stad Puebla de Don Fadrique an der Provënz Granada.
Den Observatoire steet um Sierra de La Sagra op enger Héicht vu 1.530 m iwwer dem Mieresspigel. Den Observatoire ass a Privatbesëtz a gëtt a Kooperatioun mat engem Hotel aus der Moperschaft mam Instituto de Astrofísica de Andalucía (IAA: Institut fir Astrophysik an Andalusien) an dem Consejo Superior de Investigaciones Científicas (CSIC; Irweschtete Root fir wëssenschaftlech Fuerschung) bedriwwen. Et gouf de 14. Juni 2004 ageweit. Standplazvirdeeler sinn kleng Liichtverschmotzunge, gutt Wiederbedéngungen a wéineg Loftfiichtegkeet.
Déi véier Robotik-Teleskope gi vum Observatorio Astronómico de Mallorca (OAM) teleguidéiert. D'Fernsteierung via Internet ass awer och fir aner Leit mat Zougrëfferlabnes méiglech. Den Observatoire gëtt besonnesch fir d'Sich no Klengkierper am Sonnesystem, wéi Asteroiden oder Koméiten, benotzt. Dat geschitt mam La Sagra Sky Survey (LSSS). Als éischten Asteroid gouf den 19. September 2006 den (185101) 2006 SX19 entdeckt. Den éischte Koméit gouf 2009 zesumme mam Asteroid 279P/La Sagra entdeckt.
Remove ads
Entdeckungen
Follgend um Observatorio Astronómico de La Sagra entdeckt Asteroiden hu schonn en Numm:
Follgend Koméite goufen um Observatoire Astronómico de La Sagra entdeckt:
Remove ads
Um Spaweck
- Homepage des Observatorio Astronómico de La Sagra (spuenesch an englesch)
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads