2018 CB

Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia

2018 CB
Remove ads

Den 2018 CB ass e klengen äerdnoen Asteroid mit engem méigleche mëttleren Duerchmiesser tëscht 15 an 40 Meter. Hie gëtt zu der Grupp vun den Apollo-Asteroiden gezielt. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir Bunnen d'Äerdbunn kräizen.

2018 CB
Thumb
Laanschtfluch vum 2018 CB bei der Äerd den 9. Februar 2018
OrbittypApollo-Typ
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs1,4085 AE
PerihelAphel0,9582 – 1,8589 AE
Exzentrizitéit0,3197
Inklinatioun5,3027 Grad
Peridatum5.Mäerz 2018
Sideresch Ëmlafzäit1,674 a
Mëttel Bunnvitess km/s
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser15 - 40 Meter
Mass ?
Albedo>0.18 ~1?
Mëttel Dicht ?
Rotatiounsperiod
Absolut Hellegkeet25,901 (±0,3137)
Spektralklass
Entdeckung
EntdeckerCatalina Sky Survey
Datum4. Februar 2018
PlazArizona
Aner Bezeechnungen

Den Asteroid gouf de 4. Februar 2018 am US-Bundesstaat Arizona mam Projet Catalina Sky Survey entdeckt. De 9. Februar 2018 um 23:03 Auer MEZ huet hien d'Äerd op enger Distanz vun 0,000431 AE (64.500 km) passéiert. Déi Distanz ass manner wéi e Fënneftel vun der Streck tëscht der Äerd an dem Äerdmound. D'Vitess beim nooste Rendez-vous gouf op 7,275 km/s relativ zu der Äerd berechent.

Dem NASA-Fuerscher Paul W. Chodas no, war den Asteroid 2018 CB keng Gefor fir d'Äerd:

"Asteroide vun där Gréisst kommen net dacks sou no bei eise Planéit, vläicht nëmmen een- oder zweemol pro Joer."[1]
Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: 2018 CB – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads