Airbus A380

Breet-Kierper, duebel-Deck, véier-Moteur Fliger, de Moment de gréisste Passagéierfliger vun der Welt From Wikipedia, the free encyclopedia

Airbus A380
Remove ads

Den Airbus A380 (als Steigerung vu Jumbo-Jet och Superjumbo genannt) ass ee véierstralege Groussraumfliger vum europäesche Fligerbauer Airbus. Et ass dee gréissten ziville Passagéierfliger dee jee a Serienproduktioun goung. Säin éischte Fluch hat en de 27. Abrëll 2005. De 15. Oktober 2007 gouf déi éischt Maschinn un d'Singapore Airlines ausgeliwwert.

Thumb
Airbus A380 vun der Lufthansa

Den Airbus A380 gëtt zanter 2004 zu Toulouse an der Industriezon déi nom Jean-Luc Lagardère benannt ass zesummegebaut. Déi Zon ëmfaasst eng ronn 50 Hektar. Déi grouss Hal huet eng Fläch vun 12,25 ha an ass 46 Meter héich.

Remove ads

Versiounen

Bei alle Versioune ginn d'Honnerternummeren nach ënnerdeelt, woubäi un zweeter Plaz de Motorhiersteller steet an un drëtter d'Variant vum Motor.

  • A380-700: gekierzt Versioun vu 67,9 Meter fir maximal 481 Passagéier a mat enger Reechwäit vu 16.200 km, déi bis elo weeder bestallt nach ausgeliwwert gouf
  • A380-800: d'Basisversioun fir bis zu 525[1] Passagéier mat enger Reechwäit vu 15.200 km
  • A380-800R: geplangt A380-800 Versioun mat enger Reechwäit vu 16.200 km
  • A380-800F: bis 2010 op Äis geluecht Frachtversioun vum A380-800 fir bis zu 157,4 Tonne Fracht bei enger Reechwäit vun 10.400 km
  • A380-900: gestreckt Versioun vum A380-800 fir bis zu 963 Passagéier, fir déi 2010 mat der Entwécklung soll ugefaange ginn.
Remove ads

Bestellungen

Méi Informatiounen Fluggesellschaft, A380-800 ...
Remove ads

Technesch Daten

Méi Informatiounen Variante, A380-800 ...

Kuckt och

 Commons: Airbus A380 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck

Referenzen

  1. Depliant vun Airbus deen e bei der Visite vum Center zu Toulouse kritt
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads