Airbus
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Airbus ass eng Duechtergesellschaft vun der EADS an de gréissten europäesche Fligerhiersteller. Nieft der amerikanescher Firma Boeing gehéiert si weltwäit zu de gréisste Fligerhiersteller. Airbus, déi hire Sëtz zu Toulouse a Frankräich huet, beschäftegt aktuell ëm 57.000 Mataarbechter a Spuenien, England, Däitschland an a Frankräich.



Remove ads
Geschicht
Grënnung
Airbus gouf en 18. Dezember 1970 mat der Fusioun vun der franséischer Firma Aérospatiale an der Firma Deutsche Airbus gegrënnt. Nodeem déi däitsch Fligerhiersteller MBB (Fusioun tëscht Messerschmitt, Bölkow an HFB), Dornier a Fokker-Vereinigte Flugtechnische Werke (Fokker-VFW) agesinn hunn datt si eleng net géint Boeing a McDonnell Douglas kéinten ukommen, hu si sech zum Konsortium Deutsche Airbus, zesummegeschloss. A Frankräich hunn d'Fligerhiersteller Sud-Aviation, Nord-Aviation a SEREB zur Aérospatiale fusionéiert. 1971 koum déi spuenesch Firma CASA an 1979 d'British Aerospace derbäi.
Wichteg Fligere vun Airbus

- Den 28. Oktober 1972 flitt fir déi éischt Kéier een Airbus A300.
- 1982: éischte Fluch vum Airbus A310
- 1988: éischte Fluch vum Airbus A320, aktuell dee Fliger deen am meeschte gebaut gouf
- 1992: déi éischt Groussraumfligere vun Airbus, den Airbus A330 an den Airbus A340 lafe vum Band
- De 27. Abrëll 2005 huet den Airbus A380, dee gréisste Fliger vun der Welt, säi Jungfernfluch.
Remove ads
Airbus-Fligeren
Zivil Fligeren
Militärfligeren
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Airbus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads