City Shopping Bus

fréier gratis Busnavett an der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

City Shopping Bus
Remove ads

De City Shopping Bus war eng gratis Busnavett vun de Stater Bussen déi vu Januar 2000 bis de 15. Juli 2023[1] tëscht dem Glacis an der Uewerstad hin an hier gefuer ass.

Séier Fakten Bedreiwer, Gefiertyp ...
Remove ads

Geschicht

Wéi d'Linn a Betrib geholl gouf, ass se eng Zäit laang bis an d'Groussgaass gefuer. Well et awer an der Foussgängerzon ze enk war, gouf den Trajet dunn no e puer Méint duerch d'Beaumontsgaass verluecht. Well do am Abrëll 2021 eng Foussgängerzon ageriicht gouf, ass och déi Halt nees geréckelt ginn an de Bus huet dunn op der Biederplaz stall gehalen.

De City Shopping Bus gouf zanter Hierscht 2011 mat zwéin elektresche Busse gefuer, d'Linn hat just 2 Bushalten an ass gemenkerhand vu méindes bis samschdes all 10 Minutte gefuer. Vum 1. Abrëll 2017 un, gouf samschdes an och sonndes, wann d'Butteker an der Stad op sinn, e méi groussen Tour gefuer, fir dann och Halten am südlechen Deel vun der Uewerstad unzefueren.

Mam City Shopping Bus sollt et de Leit déi mam Auto an d'Stad komme méi einfach gemaach ginn, fir eng Parkplaz ze fannen: si konnten um Glacis parken a gratis mam Bus an d'Stad fueren.

De 15. Juli 2023 ass d'Linn dunn zougemaach ginn, absënns well et mam Tram an anere Buslinne genuch Verbindungen tëscht dem Glacis an der Uewerstad gëtt.

Remove ads

Entwécklung vum City Shopping Bus

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: City Shopping Bus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (fr) City Shopping Bus à partir du 15 juillet 2023 | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu Archivéiert den 28.09.2023. Gekuckt den 30.09.2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads