Garer Quartier (Stad Lëtzebuerg)
ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Garer Quartier, oder kuerz d'Gare, ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Zentrum vun der Haaptstad. Den Numm huet e vun der Stater Gare, déi do läit.
D'Al an d'Nei Avenue verbannen e mat der Uewerstad vun der Stad.
Remove ads
Geographie
De Quartier ass 105,25 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 250,3 an 295,6 m. E grenzt am Norden un d'Uewerstad an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Quartiere Gronn, Bouneweg-Nord/Verluerekascht, Bouneweg-Süd, Gaasperech an Hollerech.
Am Nordwesten an Norde mécht d'Péitruss d'Grenz mat den Nopeschquartieren.
Awunner
Enn 2015 hunn am Garer Quartier 9.930 Leit gewunnt, dovu 15,78 % Lëtzebuerger a 84,22 % Auslänner. Op den 31. Dezember 2024 waren et 11.360 Leit. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 17,89 % géintiwwer 82,11 % Auslänner. Déi am meescht representéiert Nationalitéit sinn d'Fransousen; d'Lëtzebuerger kommen eréischt op der zweeter Positioun. Et ass och den eenzege Stater Quartier wou d'Lëtzebuerger Bevëlkerung net op der éischter Plaz ass[1].
Remove ads
Galerie
- De Garer Quartier ronderëm d'Nei Avenue (Av. de la Liberté)
- D'Gare Lëtzebuerg (2011)
- D'Gebai 19 Liberté, dat fréiertArbedsgebai
- D'Villa Clivio
- D'Paräisser Plaz mam Hôtel de Paris (hanne lénks am Bild) (2021)
- D'Spuerkeessgebai op der Metzer Plaz
Literatur
- Anen, Nicolas, 2012. Interview mit Historiker Robert L. Philippart über die Entwicklung des städtischen Bahnhofsviertel. Das Bahnhofsviertel ist ein Durchgangsort. Luxemburger Wort vum 27. September 2012, Bäilag Semaine nationale du logement 2012, S. 14-15.
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Garer Quartier (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2024.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads