Adriatescht Mier

From Wikipedia, the free encyclopedia

Adriatescht Mier
Remove ads

D'Adriatescht Mier, kuerz Adria; (lat.: Mare Adriaticum, it.: Mare Adriatico, an de südslawesche Sproochen Jadransko more oder einfach Jadran, Sloweenesch: Jadransko morje, Albanesch: Deti Adriatik), ass e laanggezunnene Säitebaseng vum nërdleche Mëttelmier. Et ass no der Stad Adria an Italien (Provënz Rovigo) genannt ginn. D'Strooss vun Otranto ass seng südlech 'Grenz'; et trennt Apenninhallefinsel vun der Balkanhallefinsel.

Thumb
Satellitebild vum Adriatesche Mier vun 2003.

Staaten um Adriatesche Mier sinn Italien, Slowenien, Kroatien, Bosnien an Herzegowina (bei Neum), Montenegro an Albanien.

D'Adriatescht Mier ass vun Nordweste bis Südosten 820 Kilometer laang an an der Moyenne 160 km breet (gréisste Breet: 220 Kilometer). Et bedeckt eng Fläch vun 132.000 Quadratkilometer. Den nërdlechen Deel ass am Duerschnëtt tëscht 40 an 200 Meter déif, dee südlechen do dergéint ass e gutt Stéck méi déif, am déifsten ass et tëscht Durrës a Bari (1.260 Meter).

Remove ads

Tourismus

Den Tourismus laanscht d'Adria ass héich entwéckelt; bekannte Stied sinn:

Remove ads

Häfen

Thumb
Den Hafe vun Ancona

Wichteg Hafestied sinn:

  • an Italien: Triest, Venedeg mam Hafe vu Chioggia, Ravenna, Ancona, Pescara, Ortona, Bari, Brindisi
  • a Slowenien: Koper
  • a Kroatien: Pula, Rijeka, Ploče, Zadar, Split, Dubrovnik
  • a Montenegro: Kotor, Bar
  • an Albanien: Durrës, Vlora

Inselen

  • Kroatien: Brač, Cres, Čiovo, Dugi Otok, Hvar, Ilovik, Ist, Jabuka, Korčula, Krk, Lastovo, Lopud, Lošinj, Mljet, Pag, Premuda, Olib, Rab, Šipan, Susak, Vis, Unije an eng jett méi: et gëtt der am Ganzen 1.246 wouvun der awer nëmme 47 bewunnt sinn.
  • Montenegro: Sveti Stefan, Sveti Nikola an déi kleng Inselen an der Bucht vu Kotor: Mamula, Sveti Marko, Ostrvo Cvijeća („Blummeninsel“), Gospa od Škrpjela a Sveti Đorđe bei Perast
  • Albanien: Sazan
  • Italien: d'Tremiti-Inselen

Um Spaweck

 Commons: Adriatescht Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads