Pula

Stad a Kroatien From Wikipedia, the free encyclopedia

Pula
Remove ads

Pula [ˈpuːla] ((Italieenesch an Däitsch Pola; Sloweenesch Pulj) ass eng kroatesch Uertschaft déi op der südlecher Spëtzt vun der Hallefinsel Istrien un d'Mëttelmier stéisst an op eng dräidausendjäreg Geschicht zeréckblécke kann.

op ee Bléck Land, Vewaltungseenheet ...
Remove ads

Bevëlkerung

Pula huet 52.220 Awunner (Stand 31. August 2021)[1]. Mat 70 % stellen d'Kroaten déi grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung duer. Ongeféier 30 % maachen déi ethnesch Minoritéiten aus, vun deene ronn 13 % Serben, an 11,5 % Italieener sinn. Dobäi kommen d'Sloweenen, d'Bosnier, d'Albaner, d'Ungaren, déi Däitsch, d'Sintien an d'Romaen. Déi jiddesch Gemeng huet haut nëmme méi 30 bis 50 Memberen.

Remove ads

Geschicht

Ënner dem Keeser Augustus gouf den Amphitheater gebaut. Hien ass haut ee vun den Haaptunzéiungspunkte vun der Stad.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Amphitheater vu Pula.

Nieft dem Amphitheater gëtt et nach aus der Zäit vum Augustus de Roum-an-Augustus-Tempel, déi deelweis nach erhale Stadmauer mat hire Paarten an d'Iwwerreschter vun zwéin Theateren.

Beim Zerfall vum westréimesche Räich am 5. Joerhonnert hunn d'Ostgoten d'Herrschaft iwwer Pula iwwerholl. De Keeser Justinian huet Pula am 6. Joerhonnert fir d'Ostréimescht Räich eruewert; d'Stad gouf zum Flottestëzpunkt vun de Byzantiner ausgebaut. An der zweeter Hallschent vum 6. Joerhonnert sinn d'Slawen no Istrien virgedrongen, awer d'Küstestied vun Istrien, dorënner och Pula, konnte se net anhuelen. Wärend d'éisträischescht Hannerland zanter dem Enn vum 8. Joerhonnert en Deel vum Frankeräich a méi spéit vum Réimesch-Däitsche Räich war, huet Pula nominell zum byzantinesche Räich gehéiert, war awer praktesch onofhängeg.

Nom Zerfall vun der byzantinescher Muecht huet Pula sech no neien Alliéierte missen ëmkucken. Venedeg (Republik Venedeg) huet d'Plaz vum byzantinesche Keeser um Enn vum 11. Joerhonnert iwwerholl, a Pula huet 1150 mat der Lagunestad en Traité ofgeschloss, duerch dee sech d'Stad méi oder manner der Herrschaft vun de Venezianer ënnerworf huet. Vun do un huet Pula misse mathëllefen, d'Keess vu Venedeg ze fëllen an huet sech um Bau an un der Ausstafféierung vu Galéie fir déi venezianesch Flott misse bedeelegen. Pula war och gezwongen Truppe bereetzestellen, wann d'Markusrepublik Krich gefouert huet. Méi spéit koum zousätzlech en Adelege vu Venedeg un d'Spëtz vun der Stadverwaltung vu Pula.

Bis zum Enn vun der Republik Venedeg am Joer 1797 blouf Pula een Deel vun där politescher Konstellatioun. Duerno gouf et bei d'Keeserräich Éisträich geschloen.

An der Zäit vun Éisträich-Ungarn war d'Stad de Krichsmarinnenhafe vun der Monarchie. Ausser den U-Booter vun der Éisträichescher Marinn waren och däitsch U-Booter do stationéiert.

No dem Éischte Weltkrich gouf Pula vun italieeneschen Truppe besat a gouf duerch d'Friddensverträg, sou wéi ganz Istrien zu Italie geschloen.

Um Enn vum Zweete Weltkrich gouf d'Stad am Mee 1945 vu jugoslaweschen Truppe besat, an zesumme mat Istrien an d'jugoslawesch Deelrepublik Kroatien incorporéiert, eng Situatioun, déi am Friddensvertrag vun 1947 confirméiert gouf. E groussen Deel vun der Populatioun déi Italieenesch geschwat huet, huet dorop d'Stad a Richtung Italie verlooss. Zesumme mat ganz Kroatie war Pula bis 1991 en Deel vu Jugoslawien.

Remove ads

Biller

Um Spaweck

 Commons: Pula – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads