1988
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1988. D'Joer 1988 huet op engem Freideg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1984 |
1985 |
1986 |
1987 |
1988
| 1989
| 1990
| 1991
| 1992
| ►
| ►►
Evenementer
Europa
- 28. August: Zu Ramstein knuppe bei enger Fluchshow 3 Fligeren aneneen, een dovu fält an de Public. 70 Leit, dorënner 3 Piloten, kommen dobäi oder un de Suiten dovun ëm d'Liewen.
Lëtzebuerg
- 12. Mäerz: De Veräi fir biologesch-dynamesch Landwirtschaft gëtt gegrënnt.
- 1. Mee: Dat neit Termalbad vu Munneref gëtt a Betrib geholl.
- 18. Juni: Den Helleg-Geescht-Tunnel tëscht dem Viaduc an dem Eecher Bierg geet fir de Verkéier op.
- 1. Juli: De Centre national de l'audiovisuel zu Diddeleng mécht seng Diere fir de Publik op.
- 8. Oktober: D'Bio-Bauere-Genossenschaft Lëtzebuerg gëtt gegrënnt.
- 5. Dezember: De Grand-Duc Jean an de belsche Kinnek Baudouin maachen d'Autobunn A4/A6 tëscht Lëtzebuerg a Bréissel op.
Afrika
Amerika
USA
- 8. November: De George H. W. Bush gëtt zum 41. President vun den USA gewielt.
Südamerika
- 5. Oktober: Brasilien kritt eng demokratesch Verfassung.
- 11. Dezember: Den éischte Satellit vun der SES, den Astra 1A, gëtt vu Kourou (Guyane) aus mat enger Ariane IV-Rakéit op Orbit geschéckt.
Asien
- 13. Mäerz: De Seikan-Tunnel a Japan, dunn dee längsten Eisebunnstunnel an dee längsten Tunnel ënnert dem Mier vun der Welt, gëtt a Betrib geholl.
- 15. Mee: D'Sowjetunioun fänkt un, hir Truppen aus dem Afghanistan zeréckzezéien.
- 2. Oktober: Zu Seoul (Südkorea) fänken déi 24. Olympesch Spiller un.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt an Noen Osten
- 16. Mäerz: D'irakesch Arméi gräift mat Gëftgas Kurden an Assyrer zu Halabdscha un; et gëtt eng 5.000 Doudeger an 10.000 Blesséierter.
- 20. August: Enn vum Éischte Golfkrich tëscht dem Iran an dem Irak.
- 16. November: D'Benazir Bhutto gëtt Regierungscheffin a Pakistan. Si ass déi éischt gewielte Fra un der Spëtzt vun engem islamesche Staat.
Remove ads
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
- 30. Abrëll: D'Céline Dion gewënnt fir d'Schwäiz mam Lidd Ne partez pas sans moi den 33. Eurovision Song Contest zu Dublin.
Wëssenschaft an Technik
Sport
- XV. Olympesch Wanterspiller zu Calgary.
- XXIV. Olympesch Summerspiller zu Seoul/Südkorea.
Foussball
- D'Jeunesse Esch gewënnt de Lëtzebuerger Championnat an och d'Coupe du Luxembourg am Foussball.
- 27. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Italien.[1]
- 25. Juni: Déi Hollännesch Foussballnationalekipp gewënnt mat 2:0 géint d'Sowjetunioun d'Foussball-Europameeschterschaft 1988.
- 21. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:4 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Roby Langers geschoss.[2]
- 18. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:2 géint Tschechoslowakei.[3]
- 16. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Porto, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:1 géint Portugal.[4]
Remove ads
Gebuer
- 15. Januar: Sonny John Moore, US-amerikaneschen DJ a Museksproduzent.
- 16. Januar: Sarah Schnell, lëtzebuergesch Volleyballspillerin
- 26. Januar: KC Rebell, däitsche Rapper.
- 27. Januar: Liu Wen, chineesescht Mannequin.
- 29. Januar: Jessica Birkel, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 1. Februar: Nathalie Lamborelle, lëtzebuergesch Vëlossportlerin.
- 11. Februar: Chantal Gary, lëtzebuergesch Politikerin.
- 11. Februar: Martin Müller, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 12. Februar: Olivier De Castro, lëtzebuergesch Volleyballspiller.
- 15. Februar: Rui Patrício, portugisesche Foussballspiller.
- 18. Februar: Frank Muller, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 20. Februar: Rihanna, Popsängerin vu Barbados.
- 24. Februar: Clayton De Sousa Moreira, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Februar: Chris Sagramola, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 26. Februar: Yannick Back, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 8. Mäerz: Christian Bock, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 15. Mäerz: Florent Obdeijn, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 16. Mäerz: Pascale Frising, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 11. Abrëll: Milton Casco, argentinesche Foussballspiller.
- 4. Mee: Gérard Geisbusch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. Mee: Adele, brittesch Sängerin a Songwriterin.
- 12. Mee: Kristrún Frostadóttir, islännesch Politikerin.
- 13. Mee: Alexandra Schoos, lëtzebuergesch Politikerin.
- 8. Juni: Samy Picard, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 22. Juni: Tania Pedrosa, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 1. August: Alice Sara Ott, däitsch-japanesch Pianistin.
- 5. August: Fleur Maxwell, lëtzebuergesch Äiskonschtleeferin.
- 5. August: Annika Grosser, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 9. August: Liz Schmitz, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 11. August: Stefano Bensi, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. August: Cristiana Carvalho, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 21. August: Robert Lewandowski, polnesche Foussballspiller.
- 24. August: Rupert Grint, brittesche Schauspiller.
- 24. August: Maximilian Reinelt, däitsche Rudderer.
- 28. August: Danielle Oesch, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 31. August: David Ospina, kolumbianesche Foussballspiller.
- 3. September: Jérôme Boateng, däitsche Foussballspiller.
- 4. September: Lynn Bei, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 8. September: Ben Payal, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 9. September: Dali Zhu, lëtzebuergesche Politiker.
- 3. Oktober: Alicia Vikander, schweedesch Schauspillerin.
- 5. Oktober: Pol Christophory, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 11. Oktober: Joël Zangerlé, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 13. Oktober: Stefania Falasca, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 28. Oktober: Tom Quintus, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 3. November: Diane Faber, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 6. November: Tom Neuwirth, éisträichesche Sänger.
- 6. Dezember: Sabrina Ouazani, franséisch Schauspillerin.
- 7. Dezember: Tommaso Cosanti, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 25. Dezember: Steve Moreira, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 26. Dezember: Philippe Thelen, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 30. Dezember: Jasmine Braun, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
Remove ads
Gestuerwen
- 3. Januar: Gaston Eyskens, belsche Politiker.
- 3. Januar: Franz Muxeneder, éisträichesche Schauspiller.
- 4. Januar: Jos Roller, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 7. Januar: Michel Auclair, franséische Schauspiller.
- 7. Januar: Trevor Howard, englesche Schauspiller.
- 7. Januar: Paul Mercey, Schwäizer Schauspiller.
- 18. Januar: Jean Mitry, franséischen Auteur a Filmregisseur.
- 26. Januar: Edmond Dune, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 2. Februar: Marcel Bozzuffi, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 14. Februar: Ivan Govar, belsche Filmregisseur a Schauspiller.
- 24. Februar: Memphis Slim, US-amerikanesche Bluessänger a -pianist.
- Februar: Cyril V. Jackson, südafrikaneschen Astronom.
- 7. Mäerz: Guido Celano, italieenesche Schauspiller.
- 24. Mäerz: Heinrich Aigner, däitsche Politiker.
- 27. Mäerz: Renato Salvatori, italieenesche Schauspiller.
- 30. Mäerz: Edgar Faure, franséische Politiker.
- 5. Abrëll: Joseph Kauffman, lëtzebuergesche Jurist a Banquier.
- 7. Abrëll: Lydie Schmit, lëtzebuergesch Politikerin.
- 18. Abrëll: Pierre Desproges, franséischen Humorist, Auteur an Televisiouns-Kabarettist.
- 21. Abrëll: I. A. L. Diamond, US-amerikaneschen Dréibuchauteur.
- 26. Abrëll: Guillermo Haro, mexikaneschen Astronom.
- 1. Mee: Paolo Stoppa, italieenesche Schauspiller.
- 3. Mee: Roger Dutoit, franséische Schauspiller.
- 6. Mee: Auguste Wampach, lëtzebuergesche Paschtouer a Resistenzler.
- 13. Mee: Chet Baker, US-amerikaneschen Jazzmuseker, Sänger a Komponist.
- 15. Mee: Andrew Duggan, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Mee: Jean-Pierre Hoscheid, lëtzebuergesche Foussballspiller, Olympionik a Foussballtrainer.
- 19. Mee: Barbara Laage, franséisch Schauspillerin.
- 22. Mee: Jules Gales, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 9. Juni: Joseph Grandgenet, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker
- 27. Juni: Rozel Le Gallais, lëtzebuergesch Tennisspillerin an Olympionickin.
- 7. Juli: Paul Mesnier, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 11. Juli: Michel Molitor, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 27. Juli: Brigitte Horney, däitsch Schauspillerin.
- 2. August: Raymond Carver, US-amerikaneschen Auteur vu Kuerzgeschichten a Gedichter.
- 11. August: Pauline Lafont, franséisch Filmschauspillerin.
- 14. August: Enzo Ferrari, italieeneschen Auto-Pilot a Grënner vun der Autoconstructiounsfirma Ferrari.
- 17. August: Mohammed Zia ul-Haq, pakistanesche Generol a Staatspresident.
- 24. August: Joseph Roeder, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 25. August: Gilbert Gil, franséische Schauspiller.
- 5. September: Hans Albin, däitsche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 5. September: Gert Fröbe, däitsche Schauspiller.
- 4. September: Georges Kayser, lëtzebuergesche Paschtouer an Archeolog.
- 17. September: Hilde Güden, éisträichesch Koloratursopranistin a Kammersängerin.
- 21. September: Henry Koster, däitsch-US-amerikanesche Filmregisseur.
- 21. September: Walter Vogt, Schwäizer Psychiater a Schrëftsteller.
- 2. Oktober: Jean Moulin, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
- 3. Oktober: Franz Josef Strauß, däitsche Politiker.
- 11. Oktober: Bonita Granville, US-amerikanesch Schauspillerin a Filmproduzentin.
- 13. Oktober: Melvin Frank, US-amerikaneschen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 27. Oktober: Erika von Thellmann, éisträichesch-däitsch Schauspillerin.
- 7. November: Jacques de Casembroot, franséische Filmregisseur.
- 11. November: Carlo Hemmer, lëtzebuergeschen Ekonom, Editeur an Auteur.
- 27. November: John Carradine, US-amerikanesche Schauspiller.
- 6. Dezember: Roy Orbison, US-amerikanesche Country- a Rock-Sänger.
- 12. Dezember: Rudolf Schündler, däitsche Schauspiller a Regisseur.
- 18. Dezember: Joseph Maertz, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker.
- 26. Dezember: John Loder, englesche Schauspiller.
- 27. Dezember: Hal Ashby, US-amerikanesche Filmregisseur.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: 1988 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads