Albert Elter
lëtzebuergesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Albert Elter, gebuer den 10. Februar 1890, a gestuerwen de 25. Mee 1959[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]
Genee wéi säi méi jonke Brudder Robert huet hien och bei der Spora gespillt.
Den 29. Oktober 1911 huet hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp géint Frankräich gespillt an an deem Match och den eenzege Gol fir Lëtzebuerg geschoss.[3] Et war dëst deen éischten offizielle Match vun der Lëtzebuerger Foussballnationalekipp an engem Lännermatch, an deemno deen éischte Gol iwwerhaapt zu Gonschte vun der Lëtzebuerger Nationalekipp.[4]
Remove ads
Kuckt och
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
- Doudesannonce. In: Luxemburger Wort, 112. Jg., n° 146 (26.05.1959), p. 7. Digitised by the National Library of Luxembourg.
- Albert Elter. In: Luxemburger Wort, 112. Jg., n° 149 (29.05.1959), p. 10. Digitised by the National Library of Luxembourg.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads