Albert Goedert

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Albert Goedert, gebuer als Albert Pierre Goedert den 30. August 1913 zu Trënteng, a gestuerwen den 1. Dezember 1982 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Lycéesdirekter.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Den Albert Goedert war virun allem bekannt duerch seng Grammaire pratique de la langue française déi aus dem Volume 1: Morphologie an dem Volume 2: Syntaxe bestanen huet. Déi Grammaire war joerzéngtelaang um offizielle Schoulprogramm.

Hie war Direkter vum Lycée Hubert-Clément. Ee vu senge Jongen ass de Jurist Henri Goedert.

Den 19. Dezember 1972 gouf hien, deen och mol fir d'LSAP am Escher Gemengerot souz, als Member vum Staatsrot nominéiert an ass bis zu sengem Doud an där Funktioun bliwwen.[2]

Remove ads

Literatur

  • Lycée Hubert Clement - 75e anniversaire (Jubiläumsbroschür); Esch-Uelzecht, 1986 (enthält eng Evocatioun vum Albert Goedert als fréieren Direkter).

Gielercher

Den Albert Goedert krut a senger laanger Karriär als Professer, Lycéesdirekter a Member vum Staatsrot nach aner Gielercher iwwerreecht.[Quell?]

Referenzen

  1. Gebuertsschäin Nr. 8 vum 30. August 1913 an der Gemeng Waldbëlleg mat Angab vun den Doudesdaten
  2. Memorial N°9 vun 1954 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la ocuronne de chêne dekoréiert goufen
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads