Alenter

From Wikipedia, the free encyclopedia

Alenter
Remove ads

Den Alenter (Alnus glutinosa) oder och Schwaarz Eller, ass e Lafbam, deen am Wanter seng Blieder verléiert, aus der Gattung vun den (Elleren) (Alnus) a gehéiert domat zu der Famill vun de Betulaceae (Bierkeplanzen).

op ee Bléck An anere Sproochen, Wëssenschaftlech Klassifikatioun ...

En ass, ausser an Nordskandinavien an an Island, a ganz Europa verbreet. Alenter gi gewéinlech kaum méi wéi 120 Joer al, wuesse séier a brauche vill Luucht. Si verdroe suppeg bis naass Biedem, déi zäitweileg iwwerschwemmt sinn, zimmlech gutt a sinn dofir dacks Pionéierbeem a mouerzegem Terrain oder am Iwwerschwemmungsgebitt vu Baachen a Flëss.

D'Holz ass ënner Waasser ganz resistent a gouf dofir schonn an der Jonksteenzäit gebraucht als Péil fir ënnert dem Buedem, op deene gebaut gouf.

Charakteristesch sinn hir zäpchenaarteg Fruuchtstänn, déi och iwwert de Wanter um Bam bleiwen, Blieder déi vir ofgeronnt sinn an eng schwaarzbrong "zerrappt" Bamkuuscht bei eelere Beem.

Remove ads

Galerie

Um Spaweck

 Commons: Alnus glutinosa – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads