Alfred Bertrang

belschen Historiker a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Alfred Bertrang
Remove ads

Den Alfred Alphonse Michel Bertrang, gebuer den 31. Mäerz 1880 zu Arel, a gestuerwen de 25. Oktober 1962 zu Léck, war e belsche Philolog, Enseignant, Historiker a Politiker (Parti catholique).

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...
Remove ads

Biographie

De Bertrang huet 1904 an der däitscher Philologie promovéiert an huet vun 1904 bis 1938 um Athénée royal d'Arlon enseignéiert. Hie war och Historiker an Archeolog. 1922 hat hie fir eng kuerz Zäit e Léierstull fir däitsch Sprooch a Literatur op der Universitéit Gent.

Vun 1938 bis 1958 war hie Gemengeconseiller zu Arel, vun 1946 bis 1949 Arrondissements-Senateur vun der Provënz Lëtzebuerg a vun 1949 bis 1950 Provënzial-Senateur vun där Provënz.

Den Alfred Bertrang war Member vum (belschen) Institut archéologique du Luxembourg, vun deem en 1922 Sekretär an 1935 President gouf. Ausserdeem war hie Conservateur am Musée archéologique d'Arlon.

Remove ads

Publikatiounen (Auswiel)

  • Histoire de l'incendie d'Arlon en 1785 ; Arlon (Willems), 1913.
  • Arlon sous la Révolution ; in: Annales de l'Institut archéologique du Luxembourg (belge), t. XLIX, 1914 ; p. 1-23.
  • Grammatik der Areler Mundart, 1921, 463 Säiten.
  • Histoire d'Arlon ; Arlon (Everling), 1940. Nei a vergréissert Oplo 1953.

Quell

  • Marcel Bourguignon, In memoriam. Alfred Bertrang (1880-1962) ; in: Mémorial Alfred Bertrang; Arlon, Institut archéologique du Luxembourg (belge), 1964; p. 4-29 (ill., Bibliographie vum Bertrang senge Publikatiounen S. 25-29).
  • Biographie op odis.be
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads