Alfred Brendel

éisträichesche Pianist an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia

Alfred Brendel
Remove ads

Den Alfred Brendel, KBE, gebuer de 5. Januar 1931[1] zu Loučná nad Desnou, an der deemoleger Tschechoslowakei, a gestuerwen de 17. Juni 2025 zu London[2], war en éisträichesche Pianist an Auteur.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hie gëllt als ee vun de bedeitendsten Interprete vu klasseschen a romantescher Pianosmusek a krut dofir eng Hellewull Auszeechnungen. Hien huet sech haaptsächlech op Wierker vum Joseph Haydn, Wolfgang Amadeus Mozart, Ludwig van Beethoven, Franz Schubert a Franz Liszt spezialiséiert. Den Alfred Brendel war deen éischte Pianist, dee praktesch all Pianoswierker vum Beethoven agespillt huet. Am Dezember 2008 huet hie mat sengen Optrëtter opgehalen.

Hien war weiderhin Auteur vun Essayen, absënns iwwer musikalesch Sujeten, a vu Gedichter, an huet och no senger Musekskarriär Coursen a Konferenze ginn.

2016 koumen 114 CDen eraus, mat allen Opnamen, déi e bei Philips agespillt hat. Virdru war hie beim Label Vox.

Remove ads

Literatur

  • Imogen Cooper, Andreas Dorschel, Till Fellner, Peter Gülke, Florence Noiville, Simon Rattle, et al.: Musik, Sinn und Unsinn. Festschrift anläßlich der Hommage an Alfred Brendel. Berlin: Konzerthaus Berlin, 2017.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Alfred Brendel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads