Aminosaier

cheemesch Verbindung From Wikipedia, the free encyclopedia

Aminosaier
Remove ads

Eng Aminosaier ass eng organesch Moleküll déi souwuel e Carbaoxygrupp (-COOH) wéi eng Aminogrupp (–NH2) huet. An der Natur sinn d'-Aminosaier (den –NH2-grupp ass um 2. C-atom dem sougenannten C) am wäitste verbreet well si d'Grondbausteng vun de Proteinne sinn. Um C ass och d'Säiteketten (R) ugebonn. Dës bestëmmt hir Aart an hir biocheemesch Eegenschaften a Verwendungen.

Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
generell Formel vun enger Aminosaier
Remove ads

Virkommen

Bis haut sinn an der Natur méi wéi 200 Aminosaieren entdeckt ginn. Just 20 vun hinne sinn allerdéngs fir den Opbau vun Eewäisser wichteg.

Aarten

Déieren a Mënsche kënnen am Géigendeel zu de Planzen, net all déi 20 Aminosaieren déi fir d´Bildung vun Eewäiss néideg sinn, selwer opbauen. Si mussen dofir een Deel mat der Ernierung zou sech huelen. Déi ginn och nach déi essenziell Aminosaiere genannt a sinn: Histidin, Isoleucin, Leucin, Lysin, Methionin, Phenylalanin, Thereonin, Tryptophan a Valin. Da gëtt et nach déi hallefessenziell Aminosaieren. Hire Bedarf hänkt vum jeeweilegen Organismus selwer of. Et sinn dës: Cystein, Tyrosin an Arginin. Déi lescht Grupp sinn déi nëtessenziell Aminosaieren a kënne vum Kierper aus anere Moleküller produzéiert ginn. Zu hinnen zielen: Alanin, Asparagin, Asparaginsaier, Glutamin, Glutaminsaier, Glycin, Prolin a Serin.

Remove ads

Aufgaben

Aminosaiere si liewensnoutwendig an hirer Funktioun als Eewäissbausteng. Verschiddener vun hinne si wuesstumsfërdernd anerer spillen eng wichteg Roll am Liewerstoffwiessel, am Immun- an Nervesystem.

Lëscht vun den 20 (+ 1 (Selenocystein)) Aminosaieren déi an de Proteinne virkommen.

Méi Informatiounen Acylgrupp, essentiell? ...
Thumb
Venndiagramm

Um Spaweck

 Commons: Aminosaieren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Paula Yurkanis Bruice: Organic Chemistry. Pearson Education Inc., 2004, 4. Auflage, ISBN 0-13-121730-5, S. 960–962.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads