André Biver (Politiker)

lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den André Biver, gebuer de 6. Oktober 1938 zu Wëlwerwolz, a gestuerwen de 15. Februar 2025[1], war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP)[2].

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker André Biver. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. André Biver.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Hien huet zu Lëtzebuerg bei der Eisebunn geschafft, dono an der Privataviatioun am Vereenegte Kinnekräich, ier e Staatsbeamten zu Lëtzebuerg gouf.

Bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 gouf hie fir d'LSAP an d'Chamber gewielt, gouf awer 1994 net méi erëmgewielt.

Op kommunalem Plang war den André Biver vun 1970 un am Gemengerot vu Wolz, vun 1982 bis 1987 war en éischte Schäffen, a vun 1988 bis 1993 Buergermeeschter.

1988 bis 1993 war hien och Membre suppléant vum Comité vun de Regiounen.

Den André Biver war bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Remove ads

Gielercher

Referenzen

  1. Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.34.
  2. Doudesannonce vum André Biver am Luxemburger Wort vum 22. Februar 2025 op der Säit 50
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads