1938
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1938.


◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1934 |
1935 |
1936 |
1937 |
1938
| 1939
| 1940
| 1941
| 1942
| ►
| ►►
Evenementer
Europa
- uechtert d'Joer: De Spuenesche Biergerkrich dauert un.
- 1. Januar: Am Däitsche Räich gi jiddesch Dokteren aus dem Krankekeesesystem ausgeschloss; d'Patiente kréien e Besuch bei hinnen net méi rembourséiert.
- 1. Januar: Judden an Däitschland däerfe keen Eenzelhandelsgeschäft oder Handwierksbetrib méi féieren.
- 5. Januar: Per Gesetz musse Judden an Däitschland en "typesch jiddeschen" Numm droen.
- 4. Februar: Den Adolf Hitler ernennt sech selwer zum Oberbefehlshaber vun der däitscher Wehrmacht.
- 15. Februar: Bei enger Regierungsëmbildung an Éisträich kommen d'Nationalsozialisten Arthur Seyß-Inquart an Edmund Glaise-Horstenau an d'Regierung.
- 20. Februar: Bündnerromanesch gëtt véiert Landessprooch an der Schwäiz.
- 11. Mäerz: Den éisträichesche Bundeskanzler Kurt Schuschnigg trëtt zeréck. Den Nationalsozialist Arthur Seyß-Inquart forméiert eng nei Regierung.
- 12. Mäerz: Däitsch Truppe besetzen Éisträich. Offiziell sinn 99 % vun der Bevëlkerung fir den Anschluss.
- 21. Mee: D'tschechoslowakesch Regierung mobilisiéert d'Arméi.
- 25. Juni: Den Dichter Douglas Hyde gëtt deen éischte President vun [[Irland
- 8. August: Zu Mauthausen gëtt dat éischt KZ an Éisträich gebaut.
- 17. September: Op Uerder vum Hitler gëtt d'Sudetendeutsches Freikorps gegrënnt, dat an de Wochen drop an der Sudetenkris staatlech Ariichtunge vun der Tschechoslowakei iwwerfält.
- 27. September: Jiddesch Affekoten an Däitschland verléieren op den 30. November 1938 hir Autorisatioun fir ze schaffen.
- 29. September: Münchener Ofkommes: D'Tschechoslowakei gëtt gezwongen, d'Sudetengebidder un Däitschland ofzetrieden. Frankräich, Groussbritannien an Italie stëmmen dëser Annexioun zou.
- 1. Oktober: däitsch Truppe marschéieren an d'Sudeteland an.
- 27. Oktober: 17.000 polnesch Judden, déi an Däitschland liewen, ginn a Polen deportiert.
- 9. November: "Reichskristallnacht" an Däitschland; 400 Synagoge ginn a Brand gestach, iwwer 7000 jiddesch Geschäfter ginn ausgeraibert a ronn 30000 Judde ginn a Konzentratiounslagere verschleeft.
- 12. November: Verordnung zur Ausschaltung der Juden aus dem deutschen Wirtschaftsleben; D'"Ariséierung". ass ofgeschloss.
- 14. November: Jiddesch Schüler däerfen an Däitschland net méi an d'Schoul goen.
Afrika
Amerika
USA
- 30. Oktober: D'Radiossendung vum Lauschterspill Krich vun de Welten nom Roman vum H. G. Wells vum Orson Welles an dem Mercury Theatre on the Air op CBS léist an den USA Panik aus.
Südamerika
Asien
- uechtert d'Joer: Zweete Japanesch-Chineesesche Krich.
- 12. Juli: Sowjetesch Truppe besetzen een Deel vum japanesche Vasallestaat Mandschukuo (Mandschurei).
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Remove ads
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
- Edmond Dune, Révélations.
Musek
Wëssenschaft an Technik
Sport
- 16. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:6 géint Ungarn.[1]
- 30. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:4 géint Frankräich.[2]
- 13. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1938, 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Camille Libar an de Gusty Kemp geschoss.[3]
- 20. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Wuppertal 1:2 géint Däitschland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Libar geschoss.[4]
- 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Arel 3:9 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Camille Libar (2) an de Paul Feller geschoss.[5]
- 15. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Mailand 0:4 géint Italien.[6]
- 18. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Schwäiz. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Meyer geschoss.[7]
Remove ads
Gebuer
- 3. Januar: Jean Milmeister, lëtzebuergesche Lokalhistoriker.
- 5. Januar: Juan Carlos I., Kinnek vu Spuenien.
- 6. Januar: Adriano Celentano, italieenesche Sänger a Schauspiller.
- 7. Januar: Roland Topor, franséischen Auteur, Schauspiller a Moler.
- 10. Januar: Donald E. Knuth, US-amerikaneschen Informatiker.
- 12. Januar: Lewis Fiander, australesche Schauspiller.
- 13. Januar: Richard Anthony, franséische Sänger.
- 14. Januar: Josy Braun, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 14. Januar: Nelly Moia, lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Fotografin.
- 14. Januar: Giorgia Moll, italieenesch Schauspillerin.
- 19. Januar: Rita Renoir, franséisch Schauspillerin a Stripteaserin.
- 25. Januar: Etta James, US-amerikanesch Sängerin.
- 26. Januar: Henry Jaglom, englesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 29. Januar: Françoise Brion, franséisch Schauspillerin.
- 30. Januar: Islom Karimov, usbekesche Politiker.
- 31. Januar: Beatrix vun Holland.
- 2. Februar: André Scheuer, lëtzebuergesche Mathematiker a Lycéesprofesser.
- 3. Februar: Tony Marshall: däitsche Schlagersänger.
- 9. Februar: Fred Williams, däitsche Schauspiller.
- 11. Februar: Manuel Noriega, panamaeschen Offizéier a Politiker.
- 13. Februar: Oliver Reed, englesche Schauspiller.
- 14. Februar: Jean-François Adam, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 16. Februar: Gilbert Meylender, lëtzebuergesch Foussballspiller.
- 18. Februar: István Szabó, ungaresche Filmregisseur.
- 21. Februar: Bobby Charles, US-amerikanesche Sänger a Komponist.
- 22. Februar: Alain Atten, lëtzebuergeschen Historiker an Auteur.
- 22. Februar: Karin Dor, däitsch Schauspillerin.
- 23. Februar: Paul Morrissey, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 27. Februar: Pascale Petit, franséisch Schauspillerin.
- 28. Februar: Klaus Staeck, däitsche Graphiker.
- 3. Mäerz: Bruno Bozzetto, italieenesche Filmregisseur.
- 4. Mäerz: Alpha Condé, guineeësche Politiker a Staatspresident.
- 10. Mäerz: Marina Vlady, franséisch Schauspillerin.
- 11. Mäerz: Christian Wolff, däitsche Schauspiller.
- 15. Mäerz: Claude Michaud, kanadesche Schauspiller.
- 15. Mäerz: Hans-Erich Volkmann, däitschen Historiker.
- 21. Mäerz: Fritz Pleitgen, däitsche Journalist Tëlees-Intendant.
- 24. Mäerz: Jean-Pierre Coffe, franséische Journalist, Auteur a Kritiker.
- 27. Mäerz: Hansjörg Schneider, Schwäizer Schrëftsteller.
- 1. Abrëll: Ali MacGraw, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 8. Abrëll: Kofi Annan, Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen, Friddensnobelpräisdréier.
- 9. Abrëll: Wiktor Stepanowitsch Tschernomyrdin, russesche Politiker.
- 15. Abrëll: Claudia Cardinale, italieenesch Filmschauspillerin.
- 17. Abrëll: Richard Marquand, walisesche Filmregisseur.
- 17. Abrëll: Perrette Pradier, franséisch Schauspillerin a Synchronspriecherin.
- 20. Abrëll: Guy Wagner, lëtzebuergeschen Auteur.
- 20. Abrëll: René Schneider, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 22. Abrëll: Pilo Fonck, lëtzebuergesche Sportsjournalist.
- 22. Abrëll: Issey Miyake, japanesche Moudendesigner.
- 28. Abrëll: Gerlinde Locker, éisträichesch Schauspillerin.
- 29. Abrëll: Georges Calteux, lëtzebuergesche Konschterzéier an Denkmalschützer.
- 2. Mee: Moshoeshoe II., Kinnek vu Lesotho.
- 4. Mee: Franz Ludwig Schenk von Stauffenberg, däitsche Politiker.
- 5. Mee: Mijanou Bardot, franséisch Schauspillerin.
- 5. Mee: Jerzy Skolimowski, polnesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 7. Mee: Ivan Rassimov, italieenesche Schauspiller.
- 7. Mee: René Wagner, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 8. Mee: Jean Giraud, franséische Comic-Auteur an -Zeechner.
- 12. Mee: Ayaz Mütəllibov, aserbaidjanesche Politiker.
- 15. Mee: Mireille Darc, franséisch Schauspillerin.
- 16. Mee: François Schanen, franséische Sproochwëssenschaftler.
- 21. Mee: Urs Widmer, Schwäizer Schrëftsteller.
- 30. Mee: Pierre Bohler, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1. Juni: Jean-Pierre Sintges, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 10. Juni: Rob Krier, lëtzebuergeschen Architekt.
- 23. Juni: Alain Georges, lëtzebuergesche Finanzexpert.
- 25. Juni: Duilio Del Prete, italieenesche Schauspiller.
- 27. Juni: Shirley Anne Field, englesch Schauspillerin.
- 28. Juni: Leon Panetta, US-amerikanesche Politiker.
- 1. Juli: Nico Thurm, lëtzebuergesche Moler.
- 4. Juli: Bill Withers, US-amerikanesche Komponist a Sänger.
- 9. Juli: Brian Dennehy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 14. Juli: Robert Thillen, lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer.
- 18. Juli: Paul Verhoeven, hollännesche Filmregisseur
- 20. Juli: Diana Rigg, brittesch Schauspillerin.
- 20. Juli: Natalie Wood, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 23. Juli: Götz George, däitsche Schauspiller.
- 27. Juli: Terence Stamp, englesche Schauspiller.
- 28. Juli: Luis Aragonés, spuenesche Foussballspiller an -trainer.
- 28. Juli: Alberto Fujimori, peruanesche Politiker, President vu Peru 1990–2000.
- 29. Juli: Klaus Töpfer, däitsche Politiker.
- 31. Juli: Marion Game, franséisch Schauspillerin.
- 1. August: Rolph Ketter, lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.
- 3. August: Ingrid Caven, däitsch Schauspillerin.
- 3. August: Jules Zambon, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 7. August: Verna Bloom, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. August: Grit Boettcher, däitsch Schauspillerin.
- 17. August: Jean Hardt, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. August: Rocco Granata, belsche Sänger.
- 21. August: Kenny Rogers, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
- 25. August: Frederick Forsyth, brittesche Schrëftsteller.
- 25. August: Guy Gilles, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 28. August: Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen, lëtzebuergesch Politikerin.
- 29. August: Elliott Gould, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. August: Edmond Freess, franséische Filmregisseur a Moler.
- 1. September: Guy Kirsch, lëtzebuergeschen Ekonomist a Sozialwëssenschaftler.
- 2. September: Giuliano Gemma, italieenesche Schauspiller.
- 2. September: Jany Clair, franséisch Schauspillerin.
- 7. September: Jean Mischo, lëtzebuergesche Jurist an Diplomat.
- 10. September: Karl Lagerfeld, däitsche Moud-Createur a Fotograf.
- 14. September: Nicol Williamson, brittesche Schauspiller.
- 15. September: James W. Christy, US-amerikaneschen Astronom.
- 16. September: David Benedictus, englesche Schrëftsteller.
- 23. September: Cornel Meder, lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.
- 23. September: Jean-Claude Mézières, franséische Comicszeechner.
- 23. September: Maria Perschy, éisträichesch Schauspillerin.
- 23. September: Romy Schneider, éisträichesch Schauspillerin.
- 26. September: Raoul Cauvin, belschen Zeenarist fir Bande-dessinéeën.
- 28. September: Ben E. King, US-amerikanesche Sänger.
- 29. September: Wim Kok, holännesche Politiker.
- 30. September: Ulrich Rückriem, däitsche Sculpteur.
- 1. Oktober: Stella Stevens, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 3. Oktober: Eddie Cochran, US-amerikanescher Rock'n'Roll-Star.
- 4. Oktober: Sophie Hardy, franséisch Schauspillerin.
- 5. Oktober: Peter Dussmann, däitsche Geschäftsmann an Entreprener.
- 6. Oktober: André Biver, lëtzebuergesche Buergermeeschter an Deputéierten.
- 9. Oktober: Heinz Fischer, éisträichesche Politiker a Bundespresident.
- 13. Oktober: Guy Aach, lëtzebuergesche Geschäftsmann.
- 13. Oktober: Christiane Hörbiger, éisträichesch Schauspillerin.
- 13. Oktober: Camille Perl, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Prelat am Vatikan.
- 20. Oktober: Kathy Kirby, brittesch Popsängerin.
- 21. Oktober: James E. Gunn, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 26. Oktober: Bernadette Lafont, franséisch Schauspillerin.
- 30. Oktober: Jean-Pierre Kalfon, franséische Schauspiller.
- 30. Oktober: Ed Lauter, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2. November: Sophia vu Griicheland, Kinnigin vu Spuenien.
- 5. November: Joe Dassin, franséische Sänger.
- 8. November: Murtala Mohammed, Militärdiktator a Staatspresident vun Nigeria.
- 10. November: Michael Schultz, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 12. November: Benjamin Mkapa, tansanesche Politiker.
- 13. November: Jean Seberg, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 13. November: Clay T. Whitehead, US-amerikanesche Geschäftsmann a Conseiller am Satellittewiesen.
- 23. November: Herbert Achternbusch, däitsche Filmregisseur.
- 27. November: Pasquale Squitieri, italieenesche Filmregisseur.
- 28. November: André Haagen, Moler an Architekt.
- 29. November: Michel Duchaussoy, franséische Schauspiller.
- 30. November: Jean Eustache, franséische Filmregisseur.
- 5. Dezember: J. J. Cale, US-amerikanesche Museker.
- 11. Dezember: McCoy Tyner, US-amerikaneschen Jazzpianist.
- 12. Dezember: Michel Orso, franséische Komponist a Sänger.
- 13. Dezember: Heinz Georg Kramm, bekannt als Heino, däitsche Schlagersänger.
- 13. Dezember: Ady Jung, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
- 15. Dezember: Nico Pleimling, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 16. Dezember: Liv Ullmann, norwegesch Schauspillerin.
- 27. Dezember: Rolf Wolfshohl, däitsche Vëlossportler.
- 29. Dezember: Jon Voight, US-amerikanesche Schauspiller.
- ? Derviş Eroğlu, tierkesch-zypresche Politiker.
- ? Sidi Mohamed Ould Cheikh Abdallahi, mauretanesche Politiker.
Remove ads
Gestuerwen
- 8. Januar: Christian Rohlfs, däitsche Moler.
- 17. Januar: William Henry Pickering, amerikaneschen Astronom.
- 21. Januar: Georges Méliès, franséische Varieté-Kënschtler a Filmpionéier.
- 4. Februar: Dominique Heckmes, lëtzebuergesche Musekskritiker a Komponist vu Kierchemusek.
- 7. Februar: Gustave Wilhelmy, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Februar: Jules Keiffer, lëtzebuergeschen Auteur a Politiker.
- 21. Februar: George Ellery Hale, US-amerikaneschen Astronom.
- 1. Mäerz: Gabriele D'Annunzio, italieenesche Schrëftsteller.
- 19. Mäerz: Nikolai Iwanowitsch Bucharin, russesche Politiker, marxisteschen Ekonomist a Philosoph-
- 27. Mäerz: William Stern, däitsche Psycholog.
- 7. Abrëll: Suzanne Valadon, franséisch Molerin.
- 18. Abrëll: Heinrich Brändli, Schwäizer Ingenieur an Universitéitsprofesser.
- 4. Mee: Kanō Jigorō, japanesche Judoka.
- 4. Mee: Carl von Ossietzky, Journalist a Redakter ("Die Weltbühne"), Friddensnobelpräisdréier.
- 14. Mee: Jean Schaack, lëtzebuergesche Schneider an Zeitungsediteur.
- 23. Mee: Joseph Steichen, lëtzebuergesche Jurist a President vum Staatsrot.
- 27. Mee: Ernest Leclère, lëtzebuergesche Politiker an Affekot.
- 1. Juni: Ödön von Horváth, éisträichesch-ongresche Schrëftsteller.
- 8. Juni: Édouard Wolff, lëtzebuergesche Riichter.
- 14. Juni: William Wallace Campbell, US-amerikaneschen Astronom.
- 15. Juni: Ernst Ludwig Kirchner, däitsche Moler.
- 24. Juni: Jean-Baptiste Wercollier, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 13. Juli: Emil Kirdorf, däitschen Industriellen.
- 18. Juli: Marie vun Edinburgh, Kinnigin vu Rumänien.
- 22. Juli: Valentin Noesen, lëtzebuergeschen Entreprener a Politiker.
- 27. August: Guillaume Soisson, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 2. Oktober: Mathias Ley, lëtzebuerhesche Politiker.
- 24. Oktober: Ernst Barlach, däitsche Sculpteur, Graphiker an Dichter.
- 10. November: Mustafa Kemal Atatürk, Staatsgrënner an éischte President vun der Republik Tierkei.
- 10. Dezember: Paul Morgan, éisträichesche Schauspiller.
- 15. Dezember: Edmond Knaff, lëtzebuergeschen Dokter an Auteur.
- 25. Dezember: Karel Čapek, tschecheschen Auteur.
- Frigyes Karinthy, ungaresche Schrëftsteller.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: 1938 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
