Andreas Vesalius

flämeschen Anatom a Chirurg vun der Renaissance resp. vum Humanismus From Wikipedia, the free encyclopedia

Andreas Vesalius
Remove ads

Den Andreas Vesal oder (fr:) André Vésale, latiniséiert Andreas Vesalius (aus dem Flämeschen Andries van Wezel, och Andreas Witinck bzw. Andries Witting van Wesel (te Brussel), gebuer den 31. Dezember 1514 zu Bréissel, a gestuerwen de 15. Oktober 1564 op Zakynthos/Griicheland, war e flämeschen Anatom a Chirurg vun der Renaissance resp. vum Humanismus.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Thumb
Lithographie vum Jan Stephan van Calcar: Frontispiz aus De humani corporis fabrica, Basel 1543.

Hie gëlt als de Grënner vun der neizäitlecher Anatomie a vum morphologeschen Denken an der Medezin. De Vesal war Professer op der Universitéit vu Padua, a war de perséinlechen Dokter vum Keeser Karel V. a vum Kinnek Philipp II. vu Spuenien.

De Vesal gouf virun allem duerch säin Haaptwierk De humani corporis fabrica libri septem ("Siwe Bicher iwwer de Bau vum mënschleche Kierper"), dat 1543 erauskoum bekannt, an dat laang d'Referenzbuch iwwer d'mënschlech Anatomie war. Ausserdem huet hie mat sengen Aarbechten iwwer d'Abnormitéite vun den Organer de Grondstee vun der pathologescher Anatomie geluecht.

Remove ads

Illustratiounen aus De humani corporis fabrica libri septem

An der Stad Lëtzebuerg gouf d'Rue André-Vésale no him gannt. Säi Portrait war um éischte belsche 5000-Frang-Schäin, deen och zu Lëtzebuerg an Zirkulatioun war.

Wierker

Remove ads

Literatur

  • Ernst Cassirer: The Place of Vesalius in the Culture of Renaissance. In: Journal of Biology and Medicine. Band 16, 1943/1944, S. 121 ff.
  • Andrew Cunningham: The Anatomical Renaissance. The resurrection of the anatomical projects of the ancients. Ashgate, Aldershot u. a. 2003, ISBN 1-85928-338-1.
  • Harvey Cushing: A bio-bibliography of Andreas Vesalius. Schuman’s, New York 1943; 2. Auflage. Archon, Hamden (Conn.) 1962.
  • Ludwig Edelstein: Andreas Vesalius, the Humanist. In: Bulletin of the History of Medicine. Band 14, 1943, S. 547–561.
  • Charles Donald O’Malley: Andreas Vesalius of Brussels, 1514–1564. University of California Press, Berkeley u. a. 1964.
  • Gernot Rath: André Vésale. In: Exempla historica. Epochen der Weltgeschichte in Biographien. Band 27, Fischer, Frankfurt am Main 1984, ISBN 3-596-17027-3, S. 23–41.

Um Spaweck

 Commons: Andreas Vesalius – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads