AnnALes Athénée de Luxembourg

From Wikipedia, the free encyclopedia

AnnALes Athénée de Luxembourg
Remove ads

annALes [de l'] Athénée de Luxembourg, mam Ënnertitel d'annALe vum Staadter Kolléisch[1], ass den Numm vun enger Publikatiounsserie, déi ënner dem Direkter Joseph Salentiny eemol am Joer vum Kolléisch erausgi gouf.

Thumb
Den éischte Band vun den annALes (2007-2008).

Déi zwéi grouss Buschtawen am Numm si vun der gebräichlecher Ofkierzung vum Numm vun der Schoul ofgeleet: AL, Athénée de Luxembourg.

Haaptziler vun der Publikatioun sinn:

  • d'Schoulcommunautéit virzestellen;
  • d'Chronik vum virege Schouljoer ze presentéieren;
  • eng Tribün z'offréiere fir Perséinlechkeeten déi dem Kolléisch nostinn.

Haaptverantwortleche vun der Publikatioun (rédacteur en chef) bis de Band 10 war de Professer Guy Weirich. Fir de Band 11 war et de Professer Christian Reidenbach.

Den éischte Band ass am September 2008 erauskomm. D'Artikele sinn op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch geschriwwen. Zu jiddwerengem Band gehéieren zwou DVDe mat Fotoen a Filmsequenzen aus dem Liewe vun der Schoul; zënter 2017 goufen d'DVDen duerch en USB-Stick ersat. De leschte Band ass am Mee 2019 erauskomm.

D'Serie koum am Format 29,7 × 23,2 cm eraus.

D'Nofolleg vun den aanALes ass d'Buch, dat zanter 2021 eraus kënnt.

Remove ads

Bibliographesch Referenzen

Remove ads

Literatur

  • Salentiny, J. & Guy Weirich (am Gespréich), Eine Schulgemeinschaft im besten Licht; in: annALes Nr. 11 / 2017-2018; Ss. 20-23 (betrëfft de Projet annALes, seng Realisatioun a seng Bedeitung fir d'Communauté athénéenne).

Kuckt och

Um Spaweck

Notten

  1. Am leschte Band Nr 11 ass d'Schreifweis den neie Reegelen ugepasst: d'annALe vum Stater Kolléisch.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads