Annette Krier

lëtzebuergesch Turnerin an Olympionickin From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Annette Krier, gebuer den 10. August 1937 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Turnerin an Olympionickin.[1]

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Sportlech Karriär[2]

D'Annette Krier huet bei der Gym zu Bouneweg ugefaangen zu turnen. 1954 war déi éischt lëtzebuergesch Meeschterschaft am Fraenturnen an d'Annette Krier gouf tëscht 1956 an 1965 aachtmol Landesmeeschterin (1959 an 1960 goung deen Titel un d'Liliane Becker).

Am Virfeld vun den Olympesch Summerspiller 1956, huet d'Annette Krier zu Budapest zesumme mat der ungarescher Nationalekipp trainéiert. 1956 huet si dunn – als eenzeg Fra an engem Kader vun 11 Athleten – Lëtzebuerg op de Spiller zu Melbourne vertrueden.[3] Am Méikampf koum si ënner 65 Konkurrentinnen aus 15 Natiounen op d'Plaz 59; hir bescht Übung um Buedem huet hir déi 39. Plaz abruecht.

Remove ads

Privates

D'Annette Krier ass d'Enkelin vum Pierre Hentges sen. an d'Duechter vun der Maisy Krier-Hentges. Si ass mam Fernand Weber bestuet, deen och an der Turnbeweegung aktiv war.

Auszeechnungen

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 58-59. ISBN 978-2-9599734-5-1
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads