Antoine Hirsch

lëtzebuergeschen Ingenieur, Architekt, Auteur a Moler From Wikipedia, the free encyclopedia

Antoine Hirsch
Remove ads

Den Antoine Hirsch oder Anton Hirsch, gebuer den 22. Mäerz 1868 zu Eech, a gestuerwen den 11. August 1934[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur, Architekt, Auteur, Moler an Direkter vun der Handwierkerschoul.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Liewen

Den Antoine Hirsch war de Jong vum Peter Hirsch an der Maria Magdalena Adrienne Busse[2].

No der Industrieschoul huet hien en Ingenieursstudium zu Léck gemaach an duerno zu Oochen Architektur a Konschtegschicht studéiert[3] a sech dono als Ingenieur-Architekt zu Augsburg etabléiert.

Hie koum duerno bei d'Firma Maus op Frankfurt am Main wou hien als Ingenieur geschafft huet. Méi spéit gouf hien zu Budapest Direkter bei enger Filial vun der Frankfurter Maschinnefabrik Riedlinger.[4]

1897 krut hien eng Nominatioun als Direkter vun der neier École d'artisans de l'Etat an der Stad Lëtzebuerg[5]. Ënner senger Leedung ass d'Schoul 1911 an dat fréiert Jesuittenheem op de Lampertsbierg geplënnert. Hie war dono President vun der Association des Ingenieurs et Industriels luxembourgeois.

Hie war Member, a vun 1901 bis 1904 President, vum Cercle artistique de Luxembourga Grënner vun der Revue technique luxembourgeoise[6] an där hien och selwer iwwer Konscht a Konschthandwierk publizéiert huet.[4] 1906 huet hien en däitschsproochegt Theaterstéck publizéiert, eng Adaptatioun vum Hartmann vun Aue sengem Iwein.

Den Hirsch war mat der Cornélie Mihalovits (gestuerwen 1910), a vun 1913 u mat der Belscher Antoinette Jung bestuet.

1929 krut hien den Ordre de la couronne de chêne am Grad vum Offizéier.

Fir un den Antoine Hirsch z'erënneren, koum de 15. Mee 2018 vun der Lëtzebuerger Post en Timber vun 0,70 € eraus[7], an de Stater Gemengerot huet den 23. Dezember 2015 decidéiert, eng nei Strooss um Lampertsbierg no him ze nennen[8]

Remove ads

Publikatiounen

  • 1901 The iron and steel combination
  • 1906 Iwein: Ein dramatisches Gedicht in drei Aufzügen. Dresden. 1906.
  • 1914 Bau- und Wohnprobleme der Gegenwart. Luxemburg: Imprimerie artistique luxembourgeoise Dr. M. Huss, 1914.
  • 1925 Le Grand-Duché de Luxembourg à l'Expostion Internationale des Arts décoratifs à Paris 1925. Mam Paul Wurth.
  • 1929 L'art des plaques de fourneau et de cheminée. La Collection Ed. Metz. Luxemburg: Imprimerie artistique luxembourgeoise Dr. M. Huss.
  • 1934 Die Eisenerzeugung von den ältesten Zeiten bis zur Mitte des 19. Jahrhunderts
Remove ads

Gielercher

Literatur

Remove ads

Um Spaweck

Referenzen

  1. État civil vun der Germeng Eech: Naissances 1868, Akt Nr57.
  2. Roger Muller, "Antoine Hirsch", Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature/Lëtzebuerger Literaturarchiv (CNL).
  3. Arrêté grand-ducal du 15 octobre 1897, publizéiert am Mémorial Nr 53 vum 16. Oktober 1897, S. 781
  4. Revue technique luxembourgeoise Archivéiert den 02.06.2023. Gekuckt den 02.06.2023.
  5. Neuheiten in der Maximaphilie aus Luxemburg am Luxemburger Wort vum 2. Juli 2018, S. 51
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads