Apart TV
lëtzebuergesche Fernseeprogramm From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
apart TV ass e Lëtzebuerger Televisiounsprogramm, deen de 15. Januar 2015 op Sendung gaangen ass.[2],[3]
Geschicht a Contenu
Am Abrëll 2014 huet de Regierungsrot der Produktiounfirma Pro Sound & Media vun de Bridder Sam a Steve Nilles vu Betteng op der Mess eng Konzessioun accordéiert. Si hate virdru scho Contenu produzéiert, ënner anerem "Jeunesse TV" an "Déifferdeng 03 Channel".[4],[5]
Ufanks gouf de Programm tëscht 18:00 an 23:00 diffuséiert a war just fir d'Cliente vun der Post iwwer där hire Service "Post TV" verfügbar. Zënterhier kréien en och d'Cliente vun Eltrona. Éischt Programmer waren d'Kannersendung mam "Noémie an dem Poppentheater Hoplabum" a Concerte vun der UGDA. Donieft gouf et vill Publicitéit; och méi kleng Geschäftsleit a Privatleit kënne sech Sendezäit op apart TV kafen.[5] De Jérôme Beck hat 2015 mat der Emissioun Beam Me Up! e Comeback an d'lëtzebuergesch Fernseezeen.[6]
Och eng Rei Gemenge weisen um Kanal eege Sendungen, dorënner d'Gemengen Dikrech a Stengefort.[7]
Zënter 2017 ass apart TV Televisiounspartner vun der Fédération luxembourgeoise de handball an iwwerdréit wichteg Matcher.[8] 2024 goufe fir d'éischt och Matcher vun der FLF iwwerdroen.[9],[10]
Remove ads
Um Spaweck
Referenzen
- gouvernement.lu: Résumé des travaux du 25 avril 2014 (25. Abrëll 2014)
- wort.lu: Puppen, Orchester und Kommerz >(15. Januar 2015)
- autorenlexikon.lu: Jérôme Beck
- wort.lu: Das zeigen Luxemburgs Gemeinden auf ihren TV-Sendern vum Glenn Schwaller (6. Januar 2023)
- wort.lu: Ein Sportverband macht Fernsehen vum Laurent Schüssler (15. Februar 2017)
- wort.lu: apart TV passe à l‘attaque sur les terrains de foot vum Christophe Nadin (23. Juli 2024)
- wort.lu: Trotz Erfolgsstart: „apart TV“ kann (noch) nicht alle Fan-Wünsche erfüllen vum Yann Duarte (24. August 2024)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
