Arthur Hary
lëtzebuergeschen Auteur a Schoulmeeschter From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Arthur Hary, gebuer de 7. Mee 1892 zu Allënster, a gestuerwen de 16. Mäerz 1925 zu Gréiwemaacher, war e lëtzebuergeschen Auteur a Schoulmeeschter.[1]

Remove ads
Liewen
Den Arthur Hary huet vun 1908 bis 1911 d'Normalschoul an der Stad gemaach, a gouf dono Schoulmeeschter zu Betteng op der Mess, a vun 1915 bis 1918 zu Bouneweg. 1918 bis 1920 huet hien zu Leipzig, Paräis a Bonn Pedagogik studéiert.
1921 gouf hie Schoulinspekter zu Klierf, an 1923 zu Gréiwemaacher. Hien ass mat 32 Joer un enger Longenentzündung gestuerwen.
Wierker
- Editeur a Ko-Auteur vun der Schoulzeitung Noch sind die Tage der Rosen 1912 (1914-1921: Zeitung für kleine Leute.); Editeur vu Joreseditioune vun Artikelen doraus: Dem Kind der Heimat (1915), Unser Land (1916), Erzland (1917).
- Hein Loser und andere Geschichten. Erlebtes und Ertäumtes. Luxemburg: P. Worré-Mertens, 1921.
- Le Guide. Worte und Wege der Tat. 1923 (Buch iwwer Pedagogik).
Kuckt och
Referenzen
- Quell, wou net anescht uginn: Nicole Sahl: Arthur Hary. Fiche op autorenlexikon.lu.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
