BB 26000 (SNCF)

From Wikipedia, the free encyclopedia

BB 26000 (SNCF)
Remove ads

D'Lokomotiven aus der Serie BB 26000 sinn Elektrolocke vun der SNCF déi och ënner dem Konschtwuert Sybic bekannt sinn. SYBIC steet fir synchrone a bicourant, béides sinn nei Eegenschafte vun der Serie 26000.

BB 26000
Thumb
Nummeréierung:26001–26234
Jee nom SNCF Deelberäich:
VFE 126xxx
CIC 226xxx
FRET 426xxx
TER 526xxx
Stéckzuel:234
Constructeur:Alstom
Baujoren:1988–1998
Ausmusterung:Nach a Betrib
Achsformel:Bo'Bo'
Déngschtmass:88,8 Tonnen
Längt iwwer Puffer:17710 mm
Maximal Achselaascht22,5 Tonnen
Héchstvitesse:200 km/h
Stroumsystemer:1,5kV Gläichstroum
25 KV 50 Hz Wiesselstroum
Leeschtung:5600 kW
Remove ads

Allgemenges

  • Et gëtt 26000er a 5 verschiddenen Livréeen: Bëtong, Multiservice, "En Voyage", Fret an TER Alsace.
  • D'Maschinnen déi fir den Asaz mat Steierween ausgeluecht sinn, hunn hanner hirer Nummer en R stoen.

Historique

Well a Frankräich 2 Stroumsystemer koexistéieren, den Industriestroum vun 25kV 50 Hz am Norden an den 1,5kV Gläichstroum am Midi, huet d'SNCF traditionell mat Maschinne geschafft déi ënner engem vun den zwéi Reseaue funktionéiert hunn. An den 1960er a 70er Jore goufe mat der BB 25200 a BB 22200 Lokomotive fir béid Systemer bestallt. Well déi vill gefrot a rentabel waren, huet Alstom scho kuerz duerno un enger Nofollgerserie gebaut. Vun 1988 u gouf déi Serie als BB26000 an Déngscht gestallt.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: SNCF Class BB 26000 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads