Bandscheif

From Wikipedia, the free encyclopedia

Bandscheif
Remove ads

Eng Bandscheif (lat.: discus intervertebralis) ass en Deel vum Kierper vun de Wierbeldéieren. Bandscheiwe si platt a ronn a leien tëscht de Wierbele vun der Wierbelsail. D'Bandscheiwe verbannen d'Wierbele flexibel ënnereneen an droen zu hirer Beweeglechkeet bäi.

Thumb
En Bandscheif (blo) am mënschleche Kierper.

An der Wierbelsail am Kierper vum Mënsch leie si am Beräich tëscht dem zweeten Halswierbel an dem Kräizbeen. D'Wierbelsail vum Mënsch zielt 23 Bandscheiwen, déi mat de Wierbele fest verwuess sinn.[1] Si ginn a Richtung Kräizbeen progressiv méi héich a grouss. Bei den aneren Déiere variéiert d'Zuel vu Bandscheiwen mat der Zuel Wierbelen.

Wann eng Bandscheif sech deplacéiert op eng Plaz, wou se net higehéiert, schwätzt ee vun engem Bandscheiwevirfall.

 Commons: Bandscheif – Biller, Videoen oder Audiodateien
Remove ads

Referenzen

  1. DocCheck Flexikon: Bandscheibe
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads