Banque Fortuna
lëtzebuergesch Bank From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Banque Fortuna ass eng lëtzebuergesch Bank mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg[2].
D'Fortuna ass eng kooperativ Bank déi zu 100 % Privatpersoune gehéiert. Op den 31. Dezember 2019 waren 395 Leit Member vun der Fortuna[3]. Si huet ronn 7000 Clienten, virun allem Privatleit a Betriber zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. Se beschäftegt 29 Employéen[1], dat bei engem Kapital vun eppes méi wéi 261 Milliounen Euro (Stand 2019)[1].
Haaptsächlech fir hiert Kapital opzestocken, huet d'Fortuna Bank Enn vun den 2010er Jore versicht e Partner ze fannen an 2018 gouf ugekënnegt, datt d'Bank of Beirut d'Fortuna iwwerhuele géif. Wéinst enger grousser Wirtschaftskris am Libanon koum den Deal awer net zustan.
Am Juni 2020 gouf du bekannt gemaach, datt d'Fortuna e Strategie-Accord mat Chenavari ënnerschriwwen huet, fir datt se vu Chenavari iwwerholl soll ginn, esoubal den Accord vun der CSSF an der BEI virléich[4],[5]. Mä och dee Kontrakt gouf am Summer 2021 mat béidsäitegem Averständnis resiliéiert, sou datt d'Fortuna nees op der Sich no engem neien Acquéreur war[6]. Fir hir Konten ze sanéieren, huet se hir zwee Gebaier um Boulevard de la Pétrusse, déi zanter 1930 an 1962 an hirem Besëtz waren, verkaaft[6][7].
Am August 2022 huet d'Fortuna du matgedeelt, datt se mam Bankgeschäft ophale géif. Duerch en Accord mat der Spuerkeess kéinten d'Fortuna-Cliente vun der Spuerkeess iwwerholl ginn[8][9].
Remove ads
Geschicht
D'Fortuna gouf 1920 vu Privatpersoune gegrënnt déi am LCGB organiséiert waren. D'Bank war ursprénglech geduecht fir den Aarbechter Bankeservicer z'offréieren[10]. Grënnungsmembere waren de Gewerkschaftler a Politiker Jean-Baptiste Rock, den Notär Edmond Reiffers and d'Affekoten Hubert Loutsch, Aloyse Hentgen an Alphonse Bervard[6].
Kuckt och
- Déi aner dräi 100 % lëtzebuergesch Banken:
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- (de) (Dominique Nauroy) Luxemburgs Banken im Überblick. wort.lu (26.06.2020) Archivéiert den 30.06.2020. Gekuckt den 30.06.2020.
- Déi aner dräi 100 % lëtzebuergesch Banke sinn d'Spuerkeess, d'Raiffeisebank an d'Société nationale de crédit et d'investissement. Referenz: Evans, S., 2016. 100 % Luxembourg Banks. Flydoscope Nr. 5: 106-108.
- (fr) [www.lbr.lu FORTUNA Banque.s.c. - Liste des associés - Société coopérative]. B7143 FORTUNA Banque.s.c. (31.12.2019). Gekuckt den 01.07.2020.
- (fr) Communiqué de presse: Fortuna Banque s.c. annonce un accord stratégique avec Chenavari. Banque Fortuna (24.06.2020) Archivéiert den 02.07.2020. Gekuckt den 30.06.2020.
- (pso) Pierre Sorlut, 2020. La banque des ouvriers catho vers le hedge fund. d'Lëtzebuerger Land Nr. 27 vum 3. Juli 2020, S. 8.
- Pierre Sorlut, 2021. Crépuscule d'un romantisme bancaire. L'établissement de crédit centenaire Fortuna, l'une des dernières banques au capital luxembourgeois, a échoué deux fois à changer de mains. Elle s'est offert un répit en vendant le siège. Mais pour combien de temps? d'Lëtzebuerger Land vum 10. September 2021, S. 9.
- Propriétaire vun deenen zwee Gebaier ass elo d'Gesellschaft Platinium Reality vun de Promoteure Miloud a Kamal Akdime. Ref.: d'Lëtzebuerger Land vum 10. Sept. 2021, S. 9.
- (lb) National Bankewelt verléiert en Acteur: Bank Fortuna zitt sech zeréck, Clientë kënne vu Spuerkeess iwwerholl ginn. www.rtl.lu. Gekuckt den 09.08.2022.
- (de) Fortuna Bank stellt ihre Tätigkeit ein. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (08.08.2022) Archivéiert den 09.08.2022. Gekuckt den 09.08.2022.
- Evans, S., 2016. 100 % Luxembourg banks. Flydoscope Nr. 5 2016
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads