Bella Bulla
EP vum Fausti vun 1996 From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Bella Bulla ass eng Extended Play CD vum Fausti, déi am Jang Linster-Plackestudio opgeholl an 1996 verëffentlecht gouf[1].
An dësem Popmuseksalbum si Partylidder déi haaptsächlech aus traditionelle Stécker a Musekscovere bestinn a fir déi humoristesch, lëtzebuergesch Texter geschriwwe goufen. Den Album besteet aus 15 Titelen, déi awer ouni Ënnerbriechung aneneen iwwerlafen an als en eenzelt Museksstéck ënnert dem Numm "Mega Mocca Mix" verkaaft ginn. Dat kuerzt Albumstitelstéck "Bella Bulla" kënnt als véierten, siwenten an zwieleften Titel direkt dräimol vir. D'Wierk gëtt mat engem Remix vum Stéck "Zwou Bulle Mocca", dat original vum Museksalbum "Fiesta mam Fausti" aus dem Joer virdru staamt, ofgeschloss.
Remove ads
Inhalt
Den Album besteet aus engem Jewel Case Gehais an der Standardgréisst. Do dran sinn eng CD, e Bichelchen dat an engems och de Cover ass, an eng Traycard.
Remove ads
Bedeelegung[2]
Remove ads
Biller
- Backcover
- Traycard
Referenzen
- (en) Fausti - Bella Bulla. Gekuckt de 06.09.2022.
- Offiziellt Albumcover-Bichelchen dat derbäi läit. (Referenz: Lip Records CD 42-2)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
