Benjamin Biolay

From Wikipedia, the free encyclopedia

Benjamin Biolay
Remove ads

De Benjamin Biolay, gebuer den 20. Januar 1973 zu Villefranche-sur-Saône am Departement Rhône, ass e franséische Sänger, Songwriter a Komponist.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...
Remove ads

Biographie

De Benjamin Biolay huet Gei an Tuba am Conservatoire zu Lyon geléiert, wou hien 1990 zweemol den éischte Präis krut. Niewebäi huet hie sech nach selwer d'Gittar bäibruecht a mat fofzéng Joer huet hie seng éischt Band Wind? gegrënnt.

1996 huet de Benjamin Biolay dunn e Solocontract bei EMI ënnerschriwwen an 1997 seng éischt Plack, La Révolution, verëffentlecht. D'Joer drop koum nach eng aner Single, Le jour viendra, eraus, déi och net vill Succès hat.

1999 begéint hien d'Sängerin Keren Ann Zeidel, mat där hien d'Lidd Jardin d'hiver fir den Henri Salvador schreift. Dat gouf e groussen Erfolleg a vun do un ass de Benjamin Biolay haaptsächlech hanner de Kulissen aktif. Hie schreift an där Zäit Lidder fir d'Isabelle Boulay, de Raphaël oder seng Schwëster Coralie Clément.

Am Joer 2001 koum dunn ënner dem Label Virgin dem Benjamin Biolay säin éischte Studiosalbum Rose Kennedy eraus, dee vun der Kritik héich gelueft gouf an et dem Sänger erlaabt huet verschidde grouss Concerten ze ginn, ënner anerem am Olympia. D'Joer drop bestit hien d'Schauspillerin Chiara Mastroianni, d'Duechter vun der Catherine Deneuve an dem Marcello Mastroianni, a schreift Lidder fir d'Valérie Lagrange, de Julien Clerc an d'Juliette Gréco.

Négatif, säin zweeten Album, ass 2003, an en drëtte Studiosalbum, A l'origine, ass am Abrëll 2005 erauskomm.

Mat der Élodie Frégé, der Gewënnerin vu Star Academy 3, realiséiert hien 2006 den Album Le jeu des sept erreurs. Zur selwechter Zäit mécht hien éischt Erfarunge virun der Kamera, am September am Film Didine an am Oktober am Film Sang froid.

De 27. Mäerz 2007 gewënnt hien de Grousse Präis vun der Union nationale des auteurs compositeurs mat der Élodie Frégé hirem Titel La Ceinture.[1] Am September verëffentlecht hie säi véierten Album Trash yéyé

Den 19. Oktober 2009 ass den Album La Superbe erauskomm. D'Joer drop ass hie mat zwéi Präisser bei der Zeremonie vun de Victoires de la musique ausgezeechent ginn; an der Kategorie "Artiste masculin de l'année" an an der Kategorie "Album de l'année".[2]

Remove ads

Discographie

Studio Albumen

Méi Informatiounen Iwwerbléck, Album ...
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Benjamin Biolay – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Archive copy Archivéiert den 28.03.2022. Gekuckt den 23.10.2009.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads