Bindegeweebe

Zort biologeschen Tissu From Wikipedia, the free encyclopedia

Bindegeweebe
Remove ads

D'Bindegeweebe oder Bindegewebe (op Franséisch: tissu conjonctif) ass eng Zort biologeschen Tissu am Kierper vum Mënsch an den Déieren.

Thumb
Bindegeweebe vun enger Spautdrüs ënnert dem Mikroskop.

Et besteet haaptsächlech aus Zellen an der sougenannter Grondsubstanz. Et kënnt an alle Beräicher vum Kierper vir an erfëllt do villfälteg Aufgaben: et erhält Organformen oprecht a schützt viru Beschiedegungen, déngt als Späicher fir ënnerschiddlech Substanzen a spillt als Plaz, wou sech d'Ofwierreaktioune géint Krankheetserreeger ofspillen, eng zentral Roll.

D'Bindegweebe zielt zu engem vun de véier traditionellen Zorten Tissu, nieft dem Epitheltissu, dem Muskeltissu an dem Nerventissu.

Zum Bindegeweebe zielt ënner anerem d'labert Bindegeweebe, d'strafft Bindegeweebe, d'Fettgeweebe, de Knorpel an de Schankentissu.[1],[2]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Bindegeweebe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (de) Bindegewebe. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 10. August 2025.
  2. (fr) Charlette Cloarec, Tissu conjonctif : définition, types, maladies. passeportsante.net (6. November 2024). Gekuckt den 10. August 2025.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads