Bisserweg
Strooss an der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Biisserwee (offiziell Bisserweg) ass eng Strooss, déi vun der Rue Munster am Gronn an der Stad Lëtzebuerg bis an d'Rue du Fort-Dumoulin am Nopeschquartier Polvermillen verleeft. Op enger Längt vu knapps 100 Meter, ënnerzeg vum INS, gehéiert de Wee zum Quartier Zens.
Déi éischt 250 Meter, vun der Rue Munster bis bei d'Hasteschmillen (Place Auguste-Engel) si fir den allgemenge Verkéier op, de Rescht vum Wee ass awer just fir Foussgänger a Vëlosfuerer erlaabt; d'Vëlospist PC1 féiert duerch de Biisserwee.
De Biisserwee féiert ënner der Biisserbréck erduerch, déi no him genannt gouf.
Remove ads
Ursprong vum Stroossennumm
Iwwert den Ursprong vum Stroossennumm gëtt et verschidden Theorien.
De Paul Würth-Majerus gesäit den Ursprong beim alfranséische Begrëff biez[1], eng Bezeechnung fir e Millegruef / -kanal. 1297 koum d'Biscergassa fir d'éischt an engem Text vir. Bis zum Bau vun der Wenzelsmauer (ca. 1380) huet d'Gaass vun der Uelzechtbréck bis bei d'Polvermille gefouert[2].
Am 17. Joerhonnert gouf de Wee am Volleksmond eng Zäit laang Henkeschgaass genannt, well den Henker Jakob Karpf sech 1629 do néiergelooss hat[3].
Well zënter 1729 der Stad hiert Weesenhaus do stoung, wou déi fréier Grënnesch Primärschoul steet (haut Inter-Actions), gouf d'Strooss bis 1854 Rue des Orphelins genannt[4].
Den Evy Friedrich huet eng aner Hypothees publizéiert, den Numm kéint dovun ofgeleet gi sinn, well do Pressessioune vu Béisser duerchkomm sinn (vum Däitschen: Büsserweg)[5]. D'Béisser kéinte sech awer och op d'Benediktinerbridder bezéien, fir déi bei der Polvermillen e Prisong gebaut gi war[6].
Remove ads
Gebaier
Biller
- De Biisserwee am Gronn
Literatur
- Friedrich, Evy, 1980. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 3: 29. PDF
- Kunnert, Jemp, 1984. Stadtgrund — ein Spaziergang durch Raum und Zeit. Ons Stad 15: 10-15. PDF 1,9 MB
Um Spaweck
| Commons: Biisserwee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Biez: canal reliant un cours d'eau à une machine hydraulique; espace entre deux écluses, sur une rivière ou un canal.
- Cf. Kunnert 1984: 13 an der Literatur.
- Cf. Friedrich 1980 an der Literatur.
- Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 10. Dezember 1942, S. 3
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
