Blake Edwards

From Wikipedia, the free encyclopedia

Blake Edwards
Remove ads

De William Blake McEdwards, bekannt als Blake Edwards, gebuer de 26. Juli 1922 zu Tulsa (Oklahoma), a gestuerwen de 15. Dezember 2010 zu Santa Monica (Kalifornien), war en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

Hien huet seng Karriär an den 1940er Joren als Schauspiller ugefaangen. Duerno huet hien eng sëlechen Dréibicher a Radios-Lauschterspill-Serië geschriwwen. 1955 huet hien eng éischt Kéier Regie gefouert (Bring Your Smile Along). Seng Televisiounsserie Peter Gunn hat e grousse Succès.

Zu senge bekanntste Wierker ziele Kaméidisfilmer, virop d'Pink Panther-Serie an The Party, all Kéier mam Peter Sellers an der Haaptroll, mä och méi eescht Filmer, wéi Breakfast at Tiffany's (1961), mat der Audrey Hepburn an dem George Peppard, oder Days of Wine and Roses (1962), mam Jack Lemmon.

2004 krut de Blake Edwards den Éierenoscar fir säi Liewenswierk.

Remove ads

Filmographie (als Regisseur)

Kino

Televisioun

  • Four Star Playhouse (1954)
  • Peter Gunn (Serie, 1958)
  • Mr. Lucky (Serie, 1959)
  • Julie and Dick at Covern Garden (1973)
  • Justin Case (1988)
  • Peter Gunn (1989)
  • Victor/Victoria (1995)
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads