2004
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2004. D'Joer 2004 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2000 |
2001 |
2002 |
2003 |
2004
| 2005
| 2006
| 2007
| 2008
| ►
| ►►
Evenementer
Europa

- 6. Februar: 43 Doudeger bei engem Attentat am Metro vu Moskau.
- 21. Februar: Grënnung vun der Europapartei Europäesch Gréng Partei
- 11. Mäerz: Bommenattentater op 4 Zich a Garen zu Madrid: 192 Doudesaffer a bal 2000 Blesséierter.
- 14. Mäerz: De Wladimir Putin gëtt als russesche President erëmgewielt.
- 15. Mäerz: Dem José Luís Rodríguez Zapatero seng Partei PSOE gewënnt d'Parlamentswalen a Spuenien.
- 29. Mäerz: An Irland gëtt d'Fëmmen an de Pube verbueden.
- 25. Abrëll: E Referendum op Zypern iwwer eng Vereenegung vun der gespléckter Insel geet negativ aus: de griichesche Süden ass majoritär dogéint.
- 1. Mee: D'Europäesch Unioun vergréissert sech ëm 10 nei Länner: Estland, Lettland, Litauen, Polen, Tschechien, d'Slowakei, Ungarn, Slowenien, Malta an Zypern.
- 23. Mee: Den Horst Köhler gëtt zum däitsche Bundespresident gewielt.
- 13. Juni: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament an de 25 EU-Memberstaaten, geet d'Gauche als Gewënner ervir.
- 18. Juni: Zu Roum eenegen d'EU-Staats- a Regierungscheffen sech iwwer den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa.
- 27. Juni: De Valdas Adamkus gewënnt am 2. Tour d'Presidentschaftswalen a Litauen.
- 8. Juli: Den Heinz Fischer gëtt neie Bundespresident an Éisträich.
- 30. Juli: Gasexplosioun zu Ghislenghien an der Belsch: 21 Doudeger, 120 Blesséierter.
- 3. September: Dramatesch Befreiungsaktioun zu Beslan a Südrussland. Dräi Deeg laang haten tschetschenesch Terroristen iwwer 1.300 Leit, déi meescht vun hinne Kanner, als Geiselen an enger Schoul gefaange gehalen. Ronn 340 Affer sinn ze bekloen.
- 21. November: Kontroverséiert Presidentschaftswalen an der Ukrain.
- 22. November: D'Europäesch Kommissioun mam President José Manuel Barroso hëlt hir Aarbecht op.
- 30. November: D'portugisesch Regierung vum Pedro Santana Lopes demissionéiert.
- 9. Dezember: D'Europäesch Demokratesch Partei gëtt gegrënnt.
- 16. Dezember: D'EU-Staats- a Regierungscheffen decidéieren, vum 3. Oktober 2005 u Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ze féieren.
Lëtzebuerg
- 11. Februar: Fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg (an och an der EU) ginn och Zaldoten aus anere EU-Memberstaate als nei Arméi-Rekrute vereedegt.
- 1. Mee: De Marc Fischbach fänkt seng Funktioun als éischte Lëtzebuerger Ombudsmann un.
- 13. Mee: D'Pressegesetz vun 1869 gëtt reforméiert.
- 13. Juni: Bei de Chamberwalen 2004 kritt d'CSV 24 Sëtz (+5), LSAP 14 (+1), DP 10 (-5), déi Gréng 7 (+2), ADR 5 (-2), Déi Lénk/KPL 0 (-1), FPL 0 (-).
- 13. Juni: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament kritt d'CSV 3 Sëtz (+1), d'LSAP 1 (-1), d'DP an Déi Gréng jee 1 (-) an Déi Lénk, d'KPL an d'ADR 0 (-).
- 31. Juli: D'Regierung Juncker-Asselborn I, eng CSV-LSAP-Koalitiounsregierung, gëtt vereedegt.
- 27. September: De portugisesche Staatspresident Jorge Sampaio ass op Staatsvisitt.
- 19. November: D'Lëtzebuerger Constitutioun gëtt geännert.
- Zesummesetzung vun der Chamber no de Walen
- De J.-C. Juncker an de J. Asselborn, Premier a Vizepremier vun der neier Regierung
Afrika
- 24. Februar: 517 Doudeger bei engem Äerdbiewen a Marokko.
Amerika
- 28. Juni: Wale fir d'Nationalparlament a Kanada. D'Liberal Partei gëtt erëmgewielt, mä huet net d'Majoritéit.
- August/September: Véiermol hannerenee maachen d'Hurricanen an der Karibik an am Südoste vun den USA grouss Schied, Dausende Mënsche kommen (virun allem op Haiti) ëm d'Liewen.
USA
- 2. Mäerz: Den John Kerry gëtt demokratesche Kandidat fir d'Presidentschaftswalen.
- 2. November: De George W. Bush gëtt als President vun de Vereenegte Staaten erëmgewielt mat 51 zu 49 % vun de Stëmme géint den John Kerry.
Südamerika
- 1. August: Feier an engem Akafszentrum zu Asunción a Paraguay, iwwer 400 Doudeger.
- 31. Oktober: Den Tabaré Vázquez gëtt zum President vun Uruguay gewielt.
- 31. Dezember: Bei engem Feier an enger Discothéik zu Buenos Aires stierwen 180 Leit.
Asien

- 4. Januar: De Mikhail Saakashvili gewënnt d'Presidentschaftswalen a Georgien.
- 28. Juni: Den Irak kritt seng Souveränitéit nees zeréck a ka sech, mat Aschränkungen, erëm selwer verwalten.
- 5. Juli: éischt direkt Wal vum President vun Indonesien. Den 2. Tour, den 20. September, gëtt vum Susilo Bambang Yudhoyono gewonnen.
- 20. September: De Susilo Bambang Yudhoyono gëtt zum Staatspresident vun Indonesien gewielt.
- 26. Dezember: Iwwer 285.000 Doudeger bei engem Séibiewen am Indeschen Ozean mat enger Stäerkt vu 9.0 op der Richterskala. Déi meescht Affer sinn duerch d'Tsunamien ëm d'Liewe komm, déi d'Biewe provozéiert hat.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
- 20. Februar: Déi Konservativ gewannen d'Parlamentswalen am Iran.
- 28. Abrëll: Biller aus dem Prisong vun Abu Ghraib gi publizéiert, op deenen irakesch Gefaange vun US-amerikanesche Giischtercher kujenéiert ginn.
- Uechter d'Joer: Bommenattentater am Irak maachen Honnerte vun Affer.
Remove ads
Konscht a Kultur
- 28. Mee: De Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster gëtt ageweit.
Literatur
- Servais-Präis: Claudine Muno fir Frigo.
Kino
- Lord of the Rings - The Return of the Emperor vum Peter Jackson kritt den Oscar fir de beschte Film;
- Fahrenheit 9/11 vum Michael Moore gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes;
- Les invasions barbares vum Denys Arcand kritt de César fir de beschte Film.
Lëtzebuerg
- Visions of Europe, Kompilatiounsfilm vu 25 europäesche Regisseure
- La Revanche vum Andy Bausch.
- Heim ins Reich vum Claude Lahr.
- Der neunte Tag vum Volker Schlöndorff.
Musek
Remove ads
Wëssenschaft an Technik
- 23. Januar: D'europäesch Sonde Mars Express bréngt de Bewäis, datt et um Mars Waasser gëtt.
- 6. Mee: Lëtzebuerg gëtt Member vun der Europäescher Weltraumagence (ESA).
- 14. Dezember: De Viaduc de Millau, déi héchst Bréck vun der Welt, gëtt ageweit.
Sport
- De Lance Armstrong gewënnt den Tour de France fir d'sechste Kéier (Dësen Titel gëtt him 2012 wéinst Doping oferkannt).
- Griicheland gewënnt d'Foussball-Europameeschterschaft.
- 13. August: D'Spiller vun der XXVIII Olympiad fänken zu Athen un.
Lëtzebuerg
- D'Jeunesse Esch gewënnt de Foussballchampionnat, den F91 Diddeleng d'Coupe de Luxembourg.
- 24. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Jerez la Frontera 2:4 géint d'Färoer Inselen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de René Peters an Daniel Huss geschoss.[1]
- 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Bosnien-Herzegowina. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel Huss geschoss.[2]
- 28. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Innsbruck 1:4 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel Huss geschoss.[3]
- 29. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Agueda 0:3 géint Portugal.[4]
- 18. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bratislava, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 1:3 géint Slowakei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[5]
- 4. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Tallinn, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Estland.[6]
- 8. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 3:4 géint Lettland. D'Goler fir Lëtzebuerg hunn de Gordon Braun, Fons Leweck a Manuel Cardoni geschoss. Den Eric Hoffmann huet e Selbstgol markéiert.[7]
- 9. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Russland.[8]
- 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Liechtenstein.[9]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:5 géint Portugal.[10]
Remove ads
Gebuer
- 4. Juni: Joana Lourenco Magalhaes, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 21. Juli: Wikipedia op Lëtzebuergesch.
- 23. Juli: Daniel Migliosi, lëtzebuergeschen Trompettist a Komponist.
- 26. Juli: Dilano van 't Hoff, hollänneschen Autoscoureur.
- 31. Juli: Leticia Mateus, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 6. August: Julie Marques Abreu, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 18. August: Ashley Delgado Do Rosario, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 16. September: Amal Cherkane, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
Remove ads
Gestuerwen
- 6. Januar: Nicolas Mosar, lëtzebuergesche Politiker.
- 7. Januar: Ingrid Thulin, schweedesch Schauspillerin.
- 23. Januar: Helmut Newton, däitsche Fotograf.
- 27. Januar: Marc Lambert, lëtzebuergesche Manager.
- 29. Januar: O. W. Fischer, éisträichesche Schauspiller.
- 30. Januar: Fuad Rouhani, iranesche Regierungsbeamten.
- 2. Februar: Hikitsuchi Michio, japaneschen Aikido-Meeschter.
- 2. Februar: Erny Gillen, lëtzebuergeschen Auteur a Resistenzler.
- 9. Februar: Gerhard Riedmann, éisträichesche Schauspiller.
- 12. Februar: Jean Weyrich, lëtzebuergesche Fotojournalist.
- 13. Februar: François Tavenas, franco-kanadesche Professer an éischte Rekter vun der Université du Luxembourg.
- 14. Februar: Marco Pantani, italieenesche Vëlossportler.
- 19. Februar: Josy Mersch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 4. Mäerz: Claude Nougaro, franséische Sänger.
- 4. Mäerz: Henri Beck, lëtzebuergesche Jurist a Lokalhistoriker.
- 10. Mäerz: Paul Oster, lëtzebuergeschen Auteur an Dëschtennisspiller.
- 15. Mäerz: Philippe Lemaire, franséische Schauspiller.
- 20. Mäerz: Juliana, Kinnigin vun Holland (1948-1980).
- 21. Mäerz: Jos Durlet, lëtzebuergesche Journalist an Auteur.
- 21. Mäerz: Ludmilla Tchérina, franséisch Schauspillerin, Dänzerin a Molerin.
- 28. Mäerz: Robert Merle, franséischen Auteur.
- 28. Mäerz: Peter Ustinov, brittesche Schauspiller, Auteur a Regisseur.
- 29. Mäerz: Simone Renant, franséisch Schauspillerin.
- 1. Abrëll: Jacques Seiler, franséische Schauspiller an Theaterregisseur.
- 4. Abrëll: Albéric Schotte, belsche Vëlossportler.
- 24. Abrëll: José Giovanni, franséisch-Schwäizer Auteur, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 25. Abrëll: Carl Melles, éisträicheschen Dirigent.
- 27. Abrëll: Jean Devaivre, franséische Resistenzler a Filmregisseur.
- 28. Abrëll: Raymond Arnette, franséische Resistenzler, Paschtouer an Auteur.
- 30. Abrëll: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist.
- 30. Abrëll: Fuad Rouhani, iranesche Regierungsbeamten.
- 4. Mee: Léon Bartimes, Buergermeeschter vu Beefort.
- 9. Mee: Fernand Kons, lëtzebuergesche Politiker a Veterinär.
- 10. Mee: Georges Wengler. lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 15. Mee: Robert K. Morgan, US-Amerikanesche Pilot.
- 16. Mee: Marika Rökk, éisträichesch-däitsch Sängerin a Schauspillerin.
- 17. Mee: Tony Randall, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. Mee: Carl Raddatz, däitsche Schauspiller.
- 21. Mee: Jean-Pierre Blanc, franséische Filmregisseur.
- 26. Mee: Nikolai Stepanowitsch Tschernych, russeschen Astronom.
- 27. Mee: René Grün, lëtzebuergesche Boxer.
- 1. Juni: Edmond Wagner, lëtzebuergesche Philosophieprofesser, Philosoph an Auteur.
- 2. Juni: Nicolaï Ghiaurov, bulgaresche Bass-Sänger.
- 4. Juni: Nino Manfredi, italieenesche Schauspiller.
- 5. Juni: Ronald Reagan, US-amerikanesche President a Schauspiller.
- 5. Juni: Iona Brown, englesch Violonistin an Dirigentin.
- 6. Juni: Bernd Pfarr, däitsche Moler a Karikaturist.
- 6. Juni: Charles-Marie Ternes, docteur en philosophie et lettres, Professer am Lycée Robert-Schuman.
- 7. Juni: Roger Matton, kanadesche Komponist.
- 8. Juni: Valérie Strecker-Steffen, lëtzebuergesch Hiewan.
- 10. Juni, Ray Charles, US-amerikaneschen Jazz-Museker.
- 10. Juni: Odette Laure, franséisch Schauspillerin a Sängerin.
- 24. Juni: Marc Zanussi, lëtzebuergesche Politiker.
- 28. Juni: Georges de Caunes, franséische Journalist a Schauspiller.
- 28. Juni: Marcel Jullian, franséischen Auteur, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1. Juli: Marlon Brando, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
- 1. Juli: Paul Beghin, lëtzebuergesche Politiker a Jurist.
- 2. Juli: Sophia de Mello Breyner Andresen, portugisesch Dichterin a Schrëftstellerin.
- 9. Juli: Jean Lefebvre, franséische Schauspiller.
- 11. Juli: Renée Saint-Cyr, franséisch Schauspillerin.
- 13. Juli: Carlos Kleiber, éisträicheschen Dirigent.
- 15. Juli: Willy Klein, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 18. Juli: Inge Meysel, däitsch Schauspillerin.
- 18. Juli: Emile Gretsch, lëtzebuergeschen Dokter a Fechter.
- 18. Juli: Richard Ney, US-amerikanesche Schauspiller.
- 21. Juli: Jerry Goldsmith, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.
- 22. Juli: Serge Reggiani, italieenesch-franséische Schauspiller a Sänger.
- 27. Juli: Lisette Lanvin, franséisch Schauspillerin.
- 31. Juli: Laura Betti, italieenesch Schauspillerin.
- 1. August: Madeleine Robinson, franséisch Schauspillerin.
- 3. August: Henri Cartier-Bresson, franséische Fotograf.
- 8. August: Fay Wray, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. August: Czesław Miłosz, polnesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 17. August: Gérard Souzay, franséische Bariton-Sänger.
- 18. August: Elmer Bernstein, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.
- 29. August: Hans Vonk, hollänneschen Dirigent.
- 29. August: Marcel Chennaux, lëtzebuergesche Schéisser an Olympionik.
- 30. August: Fred Whipple, US-amerikaneschen Astronom.
- 3. September: André Dumortier, belsche Pianist.
- 4. September: Serge Marquand, franséische Schauspiller.
- 18. September: Russ Meyer, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 21. September: Edmond Lux, lëtzebuergesche Moler.
- 22. September: Nico Weber, lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler.
- 28. September: Christl Cranz, däitsch Alpinschileeferin.
- 29. September: Heinz Wallberg, däitschen Trompettist, Violonist an Dirigent.
- 1. Oktober}: Richard Avedon, US-amerikanesche Fotograf.
- 3. Oktober: Janet Leigh, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 4. Oktober: Gordon Cooper, US-amerikaneschen Astronaut.
- 8. Oktober: Irina Demick, franséisch / US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. Oktober: Christopher Reeve, US-amerikanesche Schauspiller.
- 11. Oktober: Roland Malet, franséische Schauspiller.
- 21. Oktober: Jean Dondelinger, lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker.
- 21. Oktober: Jean-Pierre Georg, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 26. Oktober: Patricia Knight, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1. November: Aly Bintz, lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.
- 2. November: Gerrie Knetemann, professionellen hollännesche Vëlossportler.
- 11. November: Jassir Arafat, palestinensesche Politiker.
- 11. November: Jacques Dynam, franséische Schauspiller.
- 11. November: Richard Dembo, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 19. November: Helmut Griem, däitsche Schauspiller.
- 26. November: Philippe de Broca, franséische Regisseur.
- 1. Dezember: Fathi Arafat, palestinensesche Politiker.
- 1. Dezember: Bernhard zur Lippe-Biesterfeld, däitschen Adelegen; Prënz-Konsort vun Holland.
- 2. Dezember: Émile Probst, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 3. Dezember: Maria Perschy, éisträichesch Schauspillerin.
- 3. Dezember: Robert Dhéry, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 4. Dezember: Carl Esmond, éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 7. Dezember: Pierre Schmitz, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik
- 15. Dezember: Sidonie Goossens, brittesch Harfspillerin.
- 18. Dezember: Gernot Duda, däitsche Schauspiller.
- 19. Dezember: Andrée Tainsy, belsch Schauspilerin.
- 28. Dezember: Susan Sontag, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: 2004 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads