Blue Shade

lëtzebuergesch Museksgrupp From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Blue Shade war eng lëtzebuergesch Blues-Rock-Museksgrupp.

Méi Informatiounen Blue Shade, Memberen ...
Remove ads

Bandgeschicht

D'Grupp gouf an enger éischter Besetzung den 28. Oktober 2002 gegrënnt, deemools nach als reng Coverband. Am Mäerz 2003 hat si hiren éischte klengen Optrëtt op enger Privatparty. No e puer Neibesetzungen an Neizougäng huet d'Grupp ugefaangen eege Stécker ze schreiwen. Eng vun deene greissten Éieren déi hinnen zu Deel koum war fir Sandra Hall & The Gnola Blues Band als Virgrupp am Sang a Klang an um Rock um Knuedler däerfen ze spillen. 2005 hu si et och bis an d'Finall vum Emergenza gepackt, wou se no Fast Friday op déi zweet Plaz koumen.[4]

Blue Shade huet och um E-Lake Festival 2005 an um Blues 'n' Jazz Rallye 2006 gespillt.[5] Den 18. Mäerz 2006 huet d'Grupp hiren Album Director's Cut am Sang a Klang virgestallt.

Remove ads

Discographie

  • 2006: Director's Cut

Um Spaweck

Referenzen

  1. 30. Oktober 2017: Perséinlech Matdeelung vum Jérôme Klein, datt d'Band sech uganks 2007 opgeléist huet, wéi déi meescht Memberen op d'Uni gaange sinn.
  2. Engem Artikel vum November 2011 op revue.lu no huet Blue Shade schonn 2008 net méi existéiert: "Vor ziemlich genau drei Jahren fanden die Mitglieder von „The Jacob Cons-piracy“ zusammen. „Meine Band ‘Blue Shade’ hatte sich aufgelöst und ich war auf der Suche nach neuen Mitstreitern,“ beschreibt Ken den Entstehungsprozess."
  3. Bandgeschicht bis 2004 op musicker.net
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads