Bluebird Music
Bluebird Music ASBL organiséiert kulturell Eventer zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Bluebird Music ASBL ass e lëtzebuergesche Veräin ouni Gewënnzweck, deen 2013 zu Mamer gegrënnt gouf[1], deen de 6. Januar 2014 ënnert der Nr. F9795 am Registre de commerce et des sociétés ugemellt gouf a säi Sëtz zu Bouneweg huet.
Haaptzil vun der Associatioun ass et, déi musikalesch an artistesch Zeen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze fërderen andeems se kulturell Manifestatiounen organiséiert an hir Promotioun bedreift. De Veräin ass politesch a reliéis neutral.
Bluebird Music organiséiert Concerte virun allem op klenge Bünen, a Caféen a Baren, z. B. Liquid Bar (Stadgronn), Collette Coffee Craft (Veianen), Café Miche (Dikrech) a Kasemattentheater (Stad Lëtzebuerg).[2]
Bluebird Music animéiert och Festival-Bünen: zënter 2016 op der Fête de la Musique an der Stad an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg an dem LCTO, an zënter 2023 am Kader vun Echterlive zu Iechternach an Zesummenaarbecht mam regionale Kulturhaus Trifolion.
Bluebird Music ass Matbegrënner a Member vun der Alliance musicale a steet grenziwwerschreidend a Partenariat mat der Jazzinitiative Eifel e. V. an dem Jazz-Club Trier e. V.
Remove ads
Comité (Stand 2025)
- Jeff Herr, President (Schlogezei a Perkussioun)
- Maxime Bender, Vize-President (Saxofon)
- Tom 'Tommy Boy' Lehnert, Vize-President (Schlogezei)
- Christian Ries, Sekretär (Piano)
- Cédric Gilis, Tresorier (Gittar)
Um Spaweck
- https://blue-bird.lu/, Internetsäit vu Bluebird Music ASBL
- Bluebird Music ASBL op Facebook
Referenzen an Notten
- Grënnungsmemberen: Jeff Herr, Maxime Bender, Tom 'Tommy Boy' Lehnert, Cédric Gilis, Hugo 'Lata' Gouveia, Jean-Mathieu Imbert
- Fréier Concertsplazen an der Stad: Café littéraire Le-Bovary, De Gudde Wëllen, Mont St-Lambert, Rocas, Zapschoul. Derbäi kënnt Op der Bréck zu Koplescht an den Ancien Cinéma zu Veianen.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads