Breskens
Uertschaft an der Gemeng Sluis From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Breskens ass eng Hafestiedchen op der Westerschelde. Et ass en Deel vun der Gemeng Sluis an der hollännescher Provënz Zeeland. Ronn 4.600 Awunner (2023) hunn do gelieft.
Breskens ass bekannt fir seng Visserijfeesten (e Fësch- a Fëschereifestival) am Summer.
Vun do aus kann ee mat enger Fär op Vlissingen fueren. Nodeem de Westerscheldetunnel bei Terneuzen 2003 a Betrib geholl gouf, ass déi Fär just nach fir Foussgänger a Vëloen.
Remove ads
Kuckeswäertes
- De Liichttuerm vu Breskens ass vun 1867 an domat den eelsten nach erhalenen aus Stol an Holland. Zanter 1982 gehéiert en zum geschützte Patrimoine.
- De Fëschereimusée
Geschicht
1487 huet de Maximilian I. d'Küstesträif ëm d'Scheldemëndung dem Philip vu Cleves iwwerlooss. Dës gouf dréchegeluecht, a 1510 gouf Breskens gegrënnt.
Breskens gouf den 11. September 1944, wärend der Operation Switchback, vun den Alliéierte Bommefligere bal ganz zerstéiert.
Um Spaweck
| Commons: Breskens – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads