Sluis

hollännesch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia

Sluis
Remove ads

Sluis ass eng Stad a Gemeng am Weste vun Zeeuws-Vlaanderen, an der hollännescher Provënz Zeeland. D'Haapuertschaft vun der Gemeng, déi e puermol mat aneren zesummegeluecht gouf, ass Oostburg. Den 1. Januar 2023 hunn an der Uertschaft Sluis ronn 2.400 Awunner gelieft. Deselwelchten Dag waren an der ganzer Gemeng Sluis ronn 23.000 Leit registréiert. Aner Uertschaften (just déi iwwer 1000 Awunnner) sinn ë. a.: Oostburg, Breskens, Aardenburg IJzendijke a Schoondijke.

op ee Bléck Land, Buergermeeschter ...

Sluis huet 1290 seng Stadrechter kritt. Zu Sluis steet deen eenzegen hollännesche Beffroi.

Ëm Sluis hu sech 3 Séischluechten ofgespillt:

Am Zweete Weltkrich gouf d'Stad zu engem groussen Deel zerstéiert, wéi 1944 an der Operatioun Switchback d'Scheldeufer befreit gouf.

Fréier louch Sluis direkt um Zwin, an hat sou direkten Zougank zum Nordmier an zu der Westerschelde. No beim Zentrum läit nach ëmmer en Hafen. Och d'Festunge sinn zum groussen Deel erhale bliwwen. D'Damse Vaart, e Kanal bis op Bruges, hält zu Sluis op. Belsch Akafstouriste besichen dës Stad gär.

Remove ads

Gebuer zu Sluis

Um Spaweck

 Commons: Sluis – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads