Buzz Aldrin
US-amerikaneschen Astronaut From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Buzz Aldrin, gebuer als Edwin Eugene Aldrin jr. den 20. Januar 1930 zu Glen Ridge am New Jersey, ass en US-amerikaneschen Astronaut. Hien ass beim Gemini programm a beim Apolloprogramm matgeflunn a war den 2. Mënsch um Mound.
Remove ads
Moundlandung
Véier Deeg nom Start vun der Apollo 11 de 16. Juli 1969, den 20. Juli um 20:17 UTC ass d'Landemodul "Eagle" op der Moundsurface am Mare Tranquillitatis ukomm. Den 21. Juli um 2:56 UTC ass den Neil Armstrong aus dem Landemodul erausgeklommen an huet als éischte Mënsch e Fouss op en aneren Himmelskierper gesat. Den Aldrin koum him 19 Minutten drop no.
Déi zwéin hunn en amerikanesche Fändel opgestallt, Moundgestengprouwe gesammelt a wëssenschaftlech Instrumenter opgeriicht. De ganzen Aussebordasaz gouf gefilmt an deelweis live iwwer Tëlee op d'Äerd iwwerdroen.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Buzz Aldrin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads