Apollo-Programm
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Apollo-Programm war en Raumfaart-Projet vun der USA. Et hat fir d'éischt a bis elo eenzeg Kéier Mënschen op den Äerdmound bruecht. De Programm gouf vun der National Aeronautics and Space Administration (NASA) tëscht 1961 an 1972 bedriwwen.


An en ettleche Schrëtt hat d'NASA Technike gepréift, déi fir eng Moundlandung wichteg soll sinn, wéi z. B. d'Navigéieren an d'Koppelen am Weltraum oder d'Verloosse vun engem Raumschëff am Raumkostüm. Vill wichteg Tester goufen an der Virbereedung am Gemini-Programm duerchgefouert. Déi éischt bemannte Moundlandung selwer war den 20. Juli 1969. No fënnef weidere Landunge gouf mam Programm 1972, och aus Käschtegrënn, opgehalen. Zanter där Zäit huet bis haut kee Mënsch méi de Mound betratt.
Remove ads
Pläng
Den eigentleche NASA-Plang hat siwe Missioune bis zur éischter bemannter Moundlandung virgesinn. Dat waren d'Missiounen A bis G:
- Missioun A: Onbemannten Test vun der Saturn V an dem Apollo-Raumschëff op enger Äerdëmlafbunn (zweemol getest mat Apollo 4 an Apollo 6).
- Mission B: Onbemannten Test vun der Moundlandefär (LM fir Lunar Module) (getest Apollo 5).
- Missioun C: Bemannten Test vum Apollo-Raumschëff am Äerdorbit (getest mat Apollo 7).
- Missioun D: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär an engem äerdnoen Orbit (ufanks mat Apollo 8 virgesinn, als Apollo 9 nei nummeréiert, well ee Moundfluch (Missioun C') als Apollo 8 derbäi gesat gouf).
- Missioun E: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär an engem äerdwäitem Orbit (Missioun gouf gestrach, d'Crew hat d'Missioun C' iwwerholl).
- Missioun F: Test vun der Kombinatioun aus Kommandomodul a Landefär op engem Moundorbit (getest mat Apollo 10).
- Missioun G: Éischt Landung um Mound mat Apollo 11.
Déi éischt Moundëmkreesung mat Apollo 8 op Chrëschtdag 1968, war vun der NASA eigentlech net virgesinn a gouf mat der Bezeechnung Missioun C' tëscht d'Missiounen C an D agesat.
Zousätzlech goufen d'Missiounen H, I a J geplangt:
- Missioun H: Landung um dem Mound mat verlängerte wëssenschaftlechen Experimenter (gemaach mat Apollo 12 an Apollo 14. Apollo 13 net erfollegräich; Apollo 15 war ufanks och mat der H-Missioun virgesinn).
- Missioun I: Bemannt Flich op enger Moundëmlafbunn fir Fuerschungszwecker; keng Landung virgesinn. Konkreet Pläng fir I-Missioune gouf et net.
- Missioun J: Landung um Mound mat verlängerte wëssenschaftlechen Experimenter an dem Moundrover (gemaach mat Apollo 15, Apollo 16 an Apollo 17).
Remove ads
Opwand a Käschten
Den Apollo-Programm hat 25 Milliarden Dollar kascht, ongeféier 120 Milliarden no haitege Moossstief,[1] an et ware bis zu 400.000 Mënschen dru beschäftegt.
Wettlaf vun de Systemer
Duerch de Start vum Sputnik 1 am Joer 1957, der éischter onbemannter haarder Moundlandung 1959 vun der Lunik-2 an dem éischte bemannte Raumfluch vum Juri Gagarin 1961 war d'Sowjetunioun ufanks vum Raumfaartzäitalter zu enger féierender Raumfaartnatioun opgestigen. D'Amerikaner hunn no engem Gebitt an der Raumfaart gesicht, wou si d'Sowjetunioun schloe konnten. Déi bemannt Moundlandung gouf dofir als Méiglechkeet ugesinn.
De 25. Mee 1961, nëmmen annerhallwe Mount nom Start vum Juri Gagarin, sot de President John F. Kennedy virum amerikanesche Kongress an enger berüümter Ried, datt nach am selwechte Joerzéngt e Mënsch op de Mound an nees zeréck fléie wäert.
Apollo-Missiounen
Kuerz no der erfollegräicher Moundlandung vun Apollo 11 hat d'NASA de weidere Plang publizéiert, dee bis Enn 1972 néng weider Apolloflich viraus gesinn hat. Awe schonn am Januar 1970, nach virun der Pann vun Apollo 13, gouf Apollo 20 aus Käschtegrënn gestrach. Am September 1970 gouf och déi ursprénglech Apollo-15-Missioun an d'Apollo 19 agespuert. Déi net aus dem Programm gestrache Missioune Apollo 16, Apollo 17 an Apollo 18 goufen durno an Apollo 15, Apollo 16 an Apollo 17 ëmgenannt.
Déi nach nom Ofschloss vun de Moundflich stockéiert Apollo-Raumschëffer a Saturnrakéite goufe fir d'Skylab-Projet 1973/74 an d'Apollo-Sojus-Test-Projet 1975 benotzt.
Remove ads
Kuckt och
- Wettlaf an de Weltraum
- Bemannt Moundflich no Apollo
- Apollo-Rauschëff
- Moundlandefär
Literatur
(an englescher Sprooch, wann net anescht notéiert)
- Apollo-Mission-Reports (Apollo 7 bis 17), Apogee Books, 1999-2002, Hrsgb.: Robert Godwin
- Andrew Chaikin: A Man on the Moon, Penguin Books, 1995, ISBN 0-14-027201-1
- Cortright, Edgar M.: Apollo Expeditions to the Moon: The NASA History, Dover Pubn Inc, 2010, ISBN 978-0-486-47175-4
- David M. Harland: Exploring the Moon, Springer, 1999, ISBN 1-85233-099-6
- A. Hoffmann: "Der lange Weg zum Mond", www.athene-media.de, 2009, ISBN 978-3-86992-000-9
- Jesco von Puttkamer: Apollo 11, Wir sehen die Erde, Herbig, 2001, ISBN 3-7766-7056-8
- Jesco von Puttkamer: Apollo 8, Aufbruch ins All - Der Report der ersten Mondumkreisung, Heyne, 1969
- Jim Lovell: Apollo 13, Langenscheidt-Longman, 2001, ISBN 3-526-45184-2
- Thomas J. Kelly: Moon Lander: How We Developed the Apollo Lunar Module, Smithsonian Books, 2001, ISBN 1-56098-998-X
- Eugene Cernan: The Last Man on the Moon, Griffin, 2000, ISBN 0-312-26351-1
- James E. Webb: Powering Apollo, Johns Hopkins University Press, 2000, ISBN 0-8018-6205-1
- Paul-Henri Campbell: Space Race, fhl-Verlag Leipzig, 2012, ISBN 3-942829-21-5.
Remove ads
Filmer
- For All Mankind, 1989
- Moon Shot, Dokumentation über das Apollo-Programm, USA 1994 (nach einem Buch der Apollo-Astronauten Alan Shepard und Deke Slayton u. a.)
- Apollo 13, 1995
- From the Earth to the Moon, 1998
- Im Schatten des Mondes, 2007, Dokumentation von David Sington mit Archivmaterial und Interviews
- Moonshot, Dokudrama über die erste Mondlandung 1969 mit Apollo 11, GB 2009
- Apollo 18, 2011
Remove ads
Um Spaweck
- extrasolar-planets.com – Apollo-Programm
- Apolloprojekt.de
- Raumfahrer.net: Moundlandung
- NASA: Fotos der NASA zum Apollo-Programm
- NASA: Apollo Lunar Surface Journal
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads