COMPASS-1

From Wikipedia, the free encyclopedia

COMPASS-1
Remove ads

De COMPASS-1, oder Compass One, ass e Klengsatellit a CubeSat-Format, deen d'Studente vun der FH Aachen vun 2003 bis 2008 entwéckelt hunn.

Compass-1
Thumb
De Fuerschungssatellit Compass-1
TypCubeSat
Land Däitschland
AgenturFH Aachen, FB6
COSPAR-Bezeechnung1960-014A
Bunnhéicht630 km
Bunnschréi98°
Mass860 g
Gréisst10×10×10 cm³
Start28. Abrëll 2008
StartplazSatish Dhawan Space Centre, Indien
DrorakéitAntrix Ltd., PSLV-C9
Statusausser Betrib Mäerz 2012
op enger LEO Ëmlafbunn
Remove ads

Opbau a Missioun

De COMPASS-1 huet e Gewiicht vu ronn engem Kilo. Seng Galliumarsenid-Solarpaneele liwweren eng elektresch Leeschtung vun zwee Watt. Déi Dräi-Achsen-Stabilisatioun erfollegt iwwer Magnéitspulen. D'Liewensdauer war fir sechs Méint berechent. D'Notzlaascht besteet aus engem GPS-Empfänger an enger CMOS-Kamera. Mat enger Opléisung vu 640×480 Pixelen an enger Fluchhéicht vu 630 km bilt d'Kamera eng Fläch vun der Äerd vu 416×380 km² of. De COMPASS-1 gouf den 28. Abrëll 2008 um 03:53 UTC als Piggy-back mat enger indescher PSLV-Drorakéit erfollegräich an eng sonnesynchron Bunn geschoss.

D'Amateurfunkruffzeechen fir de COMPASS-1 ass DP0COM. D'Buedemstatioun benotzt d'Ruffzeechen DL0FHA. Als Beacon-Downlink gëtt eng Frequenz vu 437,275 MHz a fir den Daten- an Telemetriedownlink 437,405 MHz benotzt.

Den Nofollgerprojet COMPASS-2 huet bis zulescht de COMPASS-1 ënnerstëtzt.

Ufank Mäerz 2012 ass d'Batteriespannung vum COMPASS-1 zesummegebrach.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads