CSI: Crime Scene Investigation

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

CSI: Crime Scene Investigation, och nach CSI: Las Vegas oder einfach CSI genannt, war eng US-amerikanesch Televisiounsserie, bei där et ëm d'Aarbecht vun engem spezielle Service bei der Police geet, dee bei Verbriechen no Beweiser a Spuere sicht. D'Serie ass tëscht 2000 an 2015 gelaf an huet zu Las Vegas (Nevada) gespillt.

Séier Fakten Serie, Produktiounsland ...

Produzent war de Jerry Bruckheimer. D'Iddi koum vum Anthony E. Zuiker. D'Titellied war Who Are You vun der Grupp The Who.

Remove ads

Handlung

Iwwerfäll, Selbstmuerd, Muerdfäll an aner Gewaltverbrieche gehéieren zum Alldag beim Team vun der Spueresécherung beim CSI vu Las Vegas. D'Mataarbechter léisen hir Fäll andeems si Beweiser op der Plaz vun der Dot genee studéieren, analyséieren an auswäerten. De Forensiker Gil Grissom ass den Teamchef. Zu sengem Team gehéieren d'Catherine Willows, eng Mamm déi hiert Kand ouni Papp erzitt a d'Aarbecht an hiert Privatliewe probéiert ënner een Hut ze kréien, den Nick Stokes an de Warrick Brown, déi dora konkurréiere wien de Fall als éischte léist, d'Sara Sidle, eine jonk Forensikerin an de Captain Jim Brass, dee bei der Muerdkommissioun schafft, a fréier och beim CSI war.

Remove ads

Succès

D'Serie war e grousse kommerziellen Erfolleg an hat zu hire beschten Zäite duerchschnëttlech bis zu 26 Milliounen US-amerikanesch Zuschauer pro Staffel. Och nach déi lescht dräi Staffelen haten duerchschnëttech iwwer 11 Milliounen Zuschauer.

An Däitschland ass si ënnert dem Titel CSI: Den Tätern auf der Spur (bis Staffel 11) an duerno CSI: Vegas gelaf. A Frankräich hat se den Titel Les Experts.

CSI huet eng Rei Präisser gewonnen, dorënner véiermol de People's Choice Awards fir déi bescht TV-Dramaserie (2003, 2004, 2005 an 2006). An där Kategorie war si och dräimol fir de Golden Globe (2001, 2002 an 2004) an dräimol fir den Emmy nominéiert (2002, 2003 an 2004).

2005 krut d'Schauspillekipp den Screen Actors Guild Award fir déi bescht Performance vun engem Ensembel an enger Dramaserie ("Outstanding Performance by an Ensemble in a Drama Series").

Wéinst dem groussen Erfolleg sinn nach e puer Ofleeër produzéiert ginn, dorënner CSI: Miami (2002-2012) an CSI: New York (2004-2013).

Remove ads

Besetzung

Méi Informatiounen Schauspiller/in, Figur ...
Faarferkläerung
Haaptschauspiller Gaaschtschauspiller

Um Spaweck

 Commons: CSI: Crime Scene Investigation – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads