Nevada
Bundesstaat vun den USA From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Nevada ass e Bundesstaat am Weste vun den USA.
| Nevada | |||||
| |||||
| Spëtznumm: Silver State (offiziell) Sagebrush State Battle Born State | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
| Haaptstad: | Carson City | ||||
| Gréisst Stad: | Las Vegas | ||||
| Gouverneur: | Joe Lombardo | ||||
| Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 7. Plaz 286.367 km² 0,69 % | ||||
| Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 32. Plaz 3.104.614 (2020)[1] 10,93/km² | ||||
| Opgeholl als Memberstaat: | 31. Oktober 1864 (36ten) | ||||
| Zäitzon: | UTC-8/-7/-6 | ||||
Remove ads
Geographie
Nevada besteet haaptsächlech aus Wüst an ass den dréchenste Staat an den USA. E grenzt un Oregon am Nordwesten, Idaho am Nordosten, Kalifornien am Westen, Arizona am Südosten a Utah am Osten. Et ass de siwentgréissten US-Bundesstaat, awer nëmmen op der Plaz 35 vu 50 Staaten wat d'Bevëlkerung ugeet.
Héchste Punkt ass de Boundary Peak mat 4.007 Meter an de White Mountains. Niddregste Punkt ass de Colorado River un der Grenz mat Kalifornien op 147 Meter.
Remove ads
Bevëlkerung
2015 gouf geschat, datt iwwer 2,8 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 75,7 % als wäiss Amerikaner, 28,1 % als Hispanic/Latino, 9,3 % als Afroamerikaner, 8,5 % als asiatesch an 1,6 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Ekonomie
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 52.205 US-Dollar pro Stot a 26.515 USD op de Kapp[1].
Biller
- De Las Vegas Strip
- De Fly Geyser
- Den Dall vum Fire State Park
- De Séi Tahoe
- Reno
- Goldstrike-Minn
Um Spaweck
| Commons: Nevada – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- census.gov: QuickFacts: Nevada
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
