Carlos Kleiber
éisträicheschen Dirigent From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Carlos Kleiber, gebuer als Karl Ludwig Bonifacius Kleiber den 3. Juli 1930 zu Berlin an den 13. Juli 2004 zu Konjšica a Slowenien gestuerwen, war en éisträicheschen Dirigent.
Hie war de Jong vum Dirigent Erich Kleiber, deen Éisträich wéinst dem Nazi-Regime verlooss hat an an Argentinien emigréiert war.
Zu Buenos-Aires huet de Carlos Kleiber ugefaange Musek ze studéieren. Duerno huet hien zu Zürich Chimie geléiert. D'Chimie léisst hien dunn awer si fir d'Musek.
Als Dirigent huet en an Operenhaiser wéi der Bayerescher Staatsoper, der Metropolitan Opera, der Scala vu Mailand an dem Royal Opera Covent Garden geschafft.
De Carlos Kleiber gëtt vu Musekskritiker als ee vun de bedeitendsten Dirigente vum 20. Joerhonnert ugesinn.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Carlos Kleiber – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads