Chamberwale vum 15. Dezember 1968
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 zu Lëtzebuerg, wat fréizäiteg Neiwale nom Récktrëtt vun der Regierung Werner-Cravatte waren, goufe 56 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.
Geschicht
Den 29. Oktober 1968 huet de Pierre Werner, Staatsminister a President vun der Regierung, no enger Sëtzung vum Regierungsrot de Journalisten e Communiqué vun der Regierung virgelies, an deem matgedeelt gouf, datt d'Regierungsmembere beschloss hätten, dem Grand-Duc d'fréizäiteg Opléise vun der Chamber virzeschloen a kuerzfristeg nei Walen z'organiséieren.
Dës Entscheedung war getraff ginn, well déi politesch, wirtschaftlech a finanziell Donnéeën op déi de Budgetsprojet fir 1969 opgebaut war, hefteg a kontrovers Diskussiounen ausgeléist haten. Ënner deene Konditiounen hätt de Budget nëmmen an engem schlechte politesche Klima diskutéiert a gestëmmt kënne ginn, wat géint den Interessi vun der Allgemengheet gewiescht wier.
Den Dag drop huet de Pierre Werner dem Grand-Duc der Regierung hir Demissioun iwwerreecht. Den 31. Oktober koum d'Chamber nach eng lescht Kéier zesumme fir “Dräi Zwieleftel” vum Budgetsprojet vun 1969 ze stëmmen. An der selwechter Sëtzung huet d'Chamber nach deklaréiert, datt den Artikel 52 vun der Constitutioun iwwer de Mindestalter fir un de Walen deelzehuele misst revidéiert ginn. Domat war – op Basis vum Artikel 114 vun der Constitutioun – d'Chamber d'office opgeléist[1].
De 4. November 1968 goufen Neiwale fir de 15. Dezember 1968 ugekënnegt[2].
Remove ads
Resultater
Resultater no Walbezierk[3]
An der Folleg koum et zu der Formatioun vun der Regierung Werner-Schaus II, enger Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi de 6. Februar 1969 vereedegt gouf.
Gewielt Deputéiert
Alphabetesch Lëscht vun der Zesummesetzung vun der Chamber no de Wale vum 15. Dezember 1968, inklusiv deenen Deputéierten, déi op hiert Mandat verzicht hunn a vun deenejéinegen, déi se ersat hunn (déi nogeréckelt sinn). Fir déi, déi bei de Wale vum 15. Dezember 1968 an d'Chamber gewielt goufen, steet als Ufank vum Mandat 1969 an der Lëscht[4].
Remove ads
Referenzen
- Bulletin de documentation n° 10/1968. Édition spéciale "La crise ministérielle et les élections législatives du 15 décembre 1968 au Grand-Duché" S. 3-4, op sip.gouvernement.lu, gekuckt de 4. Mäerz 2019
- Arrêté grand-ducal du 4 novembre 1968 portant convocation des collèges électoraux pour les élections législatives op legilux.lu, gekuckt de 4. Mäerz 2019
- Revue, REVUE-Wahlreport 1968, Nummer 51, Säit 9.
- Déi éischt Sëtzung vun der ausseruerdentlech Sessioun vun der Chamber war de 5. Februar 1969
- "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.61-62.
- Total vun de Stëmmen aus dem Norden (13.410) an dem Osten (9.409)
- Total vun de Stëmmen aus dem Süden (16.008) an dem Zentrum (6.879)
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads