Charles Praum

lëtzebuergeschen Drécker an Editeur From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Charles Praum, gebuer de 25. Juni 1865 an der Stad Lëtzebuerg[1], an och do gestuerwen de 7. Abrëll 1917[2], war e lëtzebuergeschen Drécker an Editeur.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

1892 huet hie seng Dréckerei op der Nummer 11 an der Stater Fleeschiergaass (Maison Croeff) opgemaach, nodeems seng Fra Marguerite Valentini dat Haus vun hirem Brudder geierft hat.

A senger Dréckerei huet hien eng sëllegen Texter op Lëtzebuergesch publizéiert, ë. a. d'Zäitschrëft De Letzeburger (1893-1909).

Hie war och Kommandant vun de Stater Pompjeeën, bei deenen hien eng 30 Joer laang aktiv war, an e Member vum Conseil supérieur pour le service d'incendie.[3]

Remove ads

Gielercher

Referenzen

  1. (de) Gebuertsschäin Nr 200. CT-03-02-0839 Naissances, 1864-1867 (Registre) (27.06.1865). Gekuckt de 05.07.2025.
  2. (de) Doudesschäin Nr 190. CT-03-02-1546 Décès, 1916-1919 (Registre) (07.04.1917). Gekuckt de 05.07.2025.
  3. Quell, wou net anescht uginn: Arthur Diderrich: "Au Luxembourg,le 25 jiun 1865". In: Escher Tageblatt, 1947. Jg., nº 142 (25.06.1947), p. 4 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads