Charlie Chaplin
brittesche Filmschauspiller, Komponist a Regisseur (1889–1977) From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Charlie Chaplin, KBE, eigentlech Charles Spencer Chaplin, gebuer de 16. Abrëll 1889 zu London, a gestuerwen de 25. Dezember 1977 zu Vevey um Genferséi, war en englesche Filmschauspiller, Komponist a Regisseur.

Den Charlie Chaplin ass aus ganz aarme Verhältnesser komm an huet sech d'éischt als Geleeënheetsaarbechter a mat klenge Bünerollen duerchgeschloen. Duerno gouf hie Clown a Schauspiller bei enger Wandergrupp. Op enger Amerikatournee huet hien en Engagement als Filmkomiker zu Hollywood ugeholl.
Hien huet schonn a sengem éischte Joer (1914) 35 Filmer gedréint.
The Tramp (1915) a The Immigrant (1917) waren dem Charlie Chaplin seng éischt Meeschterwierker.
1919 huet hien zesumme mat der Mary Pickford an dem Douglas Fairbank d'United Artists gegrënnt, fir déi den Chaplin no 1923 ausschliisslech gespillt huet.
Remove ads
Éierung
An der Gemeng Suessem, zu Bieles, gouf eng Strooss no him genannt.[1]
Filmographie
als Regisseur (Laangspillfilmer)
- 1921: The Kid - Haaptacteuren: Edna Purviance, Jackie Coogan
- 1923: A Woman of Paris - Haaptacteuren: Edna Purviance, Carl Miller
- 1925: The Gold Rush - Haaptacteuren: Mack Swain, Georgia Hale
- 1928: The Circus - Haaptacteuren: Merna Kennedy, Harry Crocker
- 1931: City Lights - Haaptacteuren: Virginia Cherrill, Harry Myers
- 1936: Modern Times - Haaptacteuren: Paulette Goddard, Henry Bergman
- 1940: The Great Dictator - Haaptacteuren: Jack Oakie, Reginald Gardiner
- 1947: Monsieur Verdoux - Haaptacteuren: Mady Correll, Robert Lewis
- 1952: Limelight - Haaptacteuren: Claire Bloom, Buster Keaton
- 1957: A King in New York - Haaptacteuren: Dawn Addams, Maxine Audley
- 1967: A Countess from Hong Kong - Haaptacteuren: Marlon Brando, Sophia Loren
Remove ads
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads