Clotilde Joano

franséisch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Clotilde Joano, gebuer als Clotilde Rabinovitch den 3. Januar 1932 zu Genf, a gestuerwen den 23. Mäerz 1974 zu Milly-la-Forêt, war eng franséisch Schauspillerin.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

Zu Paräis huet d'Clotilde Joano Schauspillercourse beim Charles Dullin, bei der Tania Balachova a beim Michel Vitold geholl.

Ënner der Direktioun vum Roger Planchon huet si ënner anerem an den Theaterstécker Henri IV a Falstaff vum Shakespeare an a George Dandin vum Molière matgespillt.

Am Joer 1960 huet si am Kino hir éischt Roll am Film Les bonnes femmes vum Claude Chabrol gespillt. Weider interessant Filmer mat hir sinn Z (1969) vum Costa-Gavras a Le diable par la queue vum Philippe de Broca.

Remove ads

Filmographie

Kino

Remove ads

Theater (Auswiel)

  • 1957: Phèdre vum Racine, Regie: Jean Vilar, TNP
  • 1959: Falstaff vum William Shakespeare, Regie: Roger Planchon, Théâtre de l'Ambigu
  • 1959: Henri IV vum William Shakespeare, Regie: Roger Planchon, Théâtre de l'Ambigu
  • 1961: George Dandin vum Molière, Regie: Roger Planchon, Théâtre de la Cité Villeurbanne
  • 1965: Après la chute vum Arthur Miller, Regie: Luchino Visconti, Théâtre du Gymnase

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads