1932
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1932. D'Joer 1932 huet op engem Freideg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1928 |
1929 |
1930 |
1931 |
1932
| 1933
| 1934
| 1935
| 1936
| ►
| ►►
Evenementer
Europa
- 16. Februar: Den Éamon de Valera gëtt Premierminister an Irland.
- 25. Februar: Den Adolf Hitler kritt déi däitsch Nationalitéit.
- 10. Abrëll: De Paul von Hindenburg gëtt am 2. Tour mat 53 % vun de Stëmmen zum däitsche Reichspräsident erëmgewielt.
- 10. Mee: Den Albert Lebrun gëtt President vun der franséischer Republik als Nofollger vum Paul Doumer.
- 20. Mee: Den Engelbert Dollfuss gëtt Kanzler an Éisträich (bis 1934).
- 30. Mee: De Reichskanzler Heinrich Brüning trëtt zeréck, de Franz von Papen gëtt Regierungschef.
- 5. Juli: Den António de Oliveira Salazar gëtt Ministerpresident a Portugal.
- 31. Juli: Bei de Walen zum däitsche Reichstag gëtt d'NSDAP mat 37,4 % vun de Stëmmen déi stäerkst Fraktioun.
- 12. September: De Reichskanzler von Papen gëtt duerch e Mësstrauensvott gestierzt, de Reichstag nees opgeléist.
- 24. September: De Per Albin Hansson gëtt Premierminister a Schweden.
- 1. Oktober: Den Gyula Gömbös gëtt Premierminister an Ungarn.
- 6. November: Op en Neits Reichstagswalen an Däitschland; d'Nationalsozialiste verléiere Stëmme par Rapport zum Juli, bleiwen awer stäerkst Partei.
- 29. November: Franséisch-sowjeteschen Netugrëffspakt.
- 3. Dezember: De Kurt von Schleicher gëtt vum Hindenburg zum Reichskanzler ernannt, nodeems de von Papen keng Koalitioun zesummekrut.
Lëtzebuerg
- 17. August: Éischten internationale Postfluch vu Lëtzebuerg aus, vun Iechternach op Bréissel mam Lou Hemmer als Pilot.
Afrika
Amerika
USA
- 8. November: De Franklin D. Roosevelt gewënnt d'Presidentschaftswale mat enger däitlecher Majoritéit géint de President a Funktioun, den Herbert Hoover.
Mëttel- a Südamerika
- 22. Januar: 15.000 bis 30.000 Doudeger beim Nidderschloe vun engem Volleksopstand am Salvador (La Matanza genannt), de Chef vun der Revolt, den Agustín Farabundo Martí, gëtt den 1. Februar higeriicht.
- Abrëll: Ufank vum Chaco-Krich tëscht Bolivien an dem Paraguay (dauert bis 1935).
- 4. September: Den Abelardo L. Rodríguez gëtt Interims-President vu Mexiko (bis Enn 1932).
- 24. Dezember: Den Arturo Alessandri Palma gëtt President vum Chile (bis 1938).
Asien
- 2. Januar: Jinzhou an der Mandschurei (China) gëtt vu japaneschen Truppe besat.
- 28. Januar: Japan besetzt Shanghai.
- 1. Mäerz: Japan setzt de Marionettestaat Mandschukuo an.
- 9. Mäerz: De Pu Yi, dee viru senger Ofdankung leschte Keeser vu China war, gëtt, ënner japanescher Kontroll, President vu Mandschukuo.
- 24. Juni: Staatsstreech géint d'absolutistesch Monarchie a Siam, dem haitegen Thailand.
- 20. September: De Mahatma Gandhi fänkt am Prisong zu Pune en Hongerstreik un.
- 10. Dezember: Thailand kritt seng éischt Verfassung.
- 26. Dezember: Ronn 70.000 Doudesaffer bei engem Äerdbiewen a Gansu.
- Sowjetunioun: Déi stalinistesch Zwangsmoossnamen, ë. a. duerch d'Zwanks-Kollektivéierung vun de landwirtschaftleche Betriber an d'Confiscatioun vu Liewensmëttel um Land, féieren zu enger grousser Hongersnout; et gëtt geschat datt an hirer Folleg eng 7 Millioune Leit stierwen.
Ozeanien & Pazifik
Noen Osten an Arabesch Welt
- D'Franséisch Autoritéite sidelen d'Awunner vu Palmyra an d'Duerf Tadmur ëm.
- 18. September: D'Kinnekräich Saudi-Arabien gëtt gegrënnt, mam Abd al-Aziz ibn Saud als Kinnek.
- 3. Oktober: Den Irak gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
Remove ads
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Kino
Wëssenschaft an Technik
- 27. Februar: Den James Chadwick beschreift an engem Artikel an der Zäitschrëft Nature d'Existenz vun Neutronen.
- 20. Mee: D'Amelia Earhart flitt als éischt Fra eleng iwwer den Atlantik.
- 28. Mee: An Holland gëtt den Ofschlossdäich fäerdeggebaut a mécht d'Zuiderzee zu engem Bannengewässer (haut: Ijsselmeer).
Ekonomie
- 20. Juni: Am Benelux-Ofkommes decidéieren Holland, d'Belsch a Lëtzebuerg géigesäiteg Douanestaxen ofzeschafen.
- 8. Juli: Den Dow-Jones-Index an den USA erreecht an der Zäit vun der Weltwirtschaftskris säin historesch niddregsten Taux mat 41,22 Punkten.
- 6. August: An Däitschland gëtt déi éischt Autobunn, tëscht Köln a Bonn, opgemaach.
Sport
- 4. Februar: Zu Lake Placid fänken d'Olympesch Wanterspiller un.
- 14. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Charleroi 3:6 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Théophile Speicher (2) an de Jean Kremer geschoss.[1]
- 20. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Déifferdeng 5:2 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Théo Logelin, Jean Kremer (2), de Joseph Walthener an den Théophile Speicher geschoss.[2]
- 10. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Como 0:12 géint Italien.[3]
- 30. Juli: Zu Los Angeles fänken d'Olympesch Summerspiller un.
- 6. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint d'Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Robert Theissen an de Jean Kremer geschoss.[4]
Remove ads
Gebuer
- 3. Januar: Clotilde Joano, franséisch Schauspillerin.
- 5. Januar: Umberto Eco, italieenesche Schrëftsteller, Semiotiker a Linguist.
- 7. Januar: Max Gallo, franséischen Historiker, Schrëftsteller a Politiker.
- 7. Januar: Tormod Knutsen, norwegesche Schileefer.
- 11. Januar: Fernando Di Leo, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 16. Januar: Alain Jessua, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schrëftsteller.
- 16. Januar: Dian Fossey, US-amerikanesch Verhalensfuerscherin.
- 19. Januar: Marie-Thérèse Tholl, lëtzebuergesch Botanikerin a Mykologin.
- 19. Januar: Richard Lester, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 22. Januar: Piper Laurie, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 23. Januar: Fernand Herman, belsche Politiker.
- 30. Januar: Fernand Backes, lëtzebuergesche Boxer.
- 31. Januar: Michael Degen, däitsch-israeelesche Schauspiller.
- 2. Februar: Jacques Rigaud, franséische Fonctionnaire a Manager
- 2. Februar: Jens Jørgen Thorsen, dänesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 3. Februar: Roland Licker, lëtzebuergesche Kanut-
- 6. Februar: François Truffaut, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 8. Februar: John Williams, US-amerikanesche Komponist.
- 9. Februar: Gerhard Richter, däitsche Moler.
- 11. Februar: Roger Theisen, lëtzebuergesche Fechter.
- 15. Februar: Erika Remberg, éisträichesch Schauspillerin.
- 15. Februar: Jempy Schmitz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 18. Februar: Miloš Forman, tschechesch/amerikanesche Regisseur.
- 22. Februar: Edward Kennedy, US-amerikanesche Politiker.
- 22. Februar: Claude Beylie, franséische Filmkritiker a Filmhistoriker.
- 23. Februar: Nicolas Morn, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 24. Februar: Michel Legrand, franséische Komponist a Pianist
- 26. Februar: Johnny Cash, US-amerikanesche Country-Museker.
- 27. Februar: Elizabeth Taylor, brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 29. Februar: Jean Lieners, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 3. Mäerz: Fred Karen, lëtzebuergesche Militärhistoriker.
- 3. Mäerz: Nagisa Oshima, japanesche Filmregisseur.
- 4. Mäerz: Miriam Makeba, südafrikanesch Sängerin.
- 6. Mäerz: Bronisław Geremek, polnesche Politiker.
- 9. Mäerz: Ron Hagerthy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Mäerz: Dominique Zago, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 12. Mäerz: Elma Karlowa, jugoslawesch Schauspillerin.
- 18. Mäerz: John Updike, US-amerikaneschen Auteur.
- 25. Mäerz: Anouk Ferjac, franséisch Schauspillerin.
- 1. Abrëll: Debbie Reynolds, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 2. Abrëll: Siegfried Rauch, däitsche Schauspiller.
- 4. Abrëll: Anthony Perkins, amerikaneschen Acteur.
- 4. Abrëll: Andrei Tarkowski, sowjetesche Regisseur.
- 6. Abrëll: Helmut Griem, däitsche Schauspiller.
- 7. Abrëll: Matt Lamb, US-amerikanesche Moler a Friddensaktivist.
- 8. Abrëll: József Antall, ungaresche Politiker.
- 8. Abrëll: Iskandar vu Johor, malaysesche Kinnek.
- 8. Abrëll: Jean-Paul Rappeneau, franséische Filmregisseur.
- 10. Abrëll: Omar Sharif, egyptesche Schauspiller.
- 10. Abrëll: Delphine Seyrig, franséisch Schauspillerin.
- 12. Abrëll: Guy Schmidt, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. Abrëll: Jean-Pierre Marielle, franséische Schauspiller.
- 18. Abrëll: Nadine de Rothschild, franséisch Schauspillerin a Schrëftstellerin.
- 19. Abrëll: Fernando Botero, kolumbianesche Moler a Kënschtler.
- 25. Abrëll: Johny Jaminet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 26. Abrëll: Francis Lai, franséische Komponist an Akkordeonist.
- 27. Abrëll: Anouk Aimée, franséisch Schauspillerin.
- 2. Mee: Ernest Rassel, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 8. Mee: Will Bertrand, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 9. Mee: Roger Dumas, franséische Schauspiller.
- 12. Mee: Jean Stablinski, franséische Vëlossportler.
- 26. Mee: Frank Beyer, däitsche Filmregisseur.
- 27. Mee: Junior Parker, US-amerikanesche Blues-Museker.
- 2. Juni: Kitty Deville, lëtzebuergesch Enseignante a Fraerechtlerin.
- 2. Juni: Michel Soutter, Schwäizer Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 5. Juni: Christy Brown, iresche Schrëftsteller a Moler.
- 6. Juni: Billie Whitelaw, englesch Schauspillerin.
- 8. Juni: Joseph Hansen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. Juni: Pier Angeli, italieenesch Schauspillerin.
- 19. Juni: Marisa Pavan, italieenesch-franséisch Schauspillerin.
- 21. Juni: Lalo Schifrin, argentinesche Pianist, Komponist, an Dirigent.
- 22. Juni: Soraya Esfandiary Bakhtiari, Fra vum Schah Mohammad Reza Pahlavi.
- 27. Juni: Magali Noël, franséisch Schauspillerin a Sängerin.
- 4. Juli: Giuliano Carnimeo, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 5. Juli: Tun Deutsch, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 5. Juli: Gyula Horn, ongresche Politiker.
- 11. Juli: Arthur Unger, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 14. Juli: Helga Liné, däitsch Schauspillerin.
- 17. Juli: Wojciech Kilar, polnesche Komponist.
- 17. Juli: Quino, argentinischer Cartoon-Zeechner.
- 18. Juli: Gaston Schwertzer, lëtzebuergesche Jurist an Industriellen.
- 21. Juli: Jean-Claude Loutsch, lëtzebuergeschen Heraldiker.
- 28. Juli: Dolphe Kutter, lëtzebuergesche Cheemiker.
- 29. Juli: Gustave Noel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 29. Juli: Henri Regenwetter, lëtzebuergeschen Naturschützer.
- 31. Juli: Victor Kremer,lëtzebuergesche Schéisser.
- 2. August: Peter O'Toole, brittesche Schauspiller.
- 4. August: Guillermo Mordillo, argentineschen Zeechner.
- 6. August: Ann Savo, finnesch Schauspillerin.
- 10. August: Murray Melvin, englesche Schauspiller.
- 11. August: Fernando Arrabal, spuenesch-franséische Schrëftsteller an Dichter.
- 17. August: V. S. Naipaul, westindesche Schrëftsteller.
- 17. August: Jean-Jacques Sempé, franséische Cartoonist.
- 18. August: Luc Montagnier, franséische Virolog.
- 22. August: Gabriele Tinti, italieenesche Schauspiller.
- 3. September: Gerald Neugebauer, US-amerikaneschen Astronom.
- 20. September: Dany Carrel, franséisch Schauspillerin.
- 20. September: Roger Kahane, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. September: Algirdas Brazauskas, litauesche Politiker.
- 22. September: Ingemar Johansson, schweedesche Boxer a Weltmeeschter am Schwéiergewiicht.
- 22. September: Carlos Saura, spuenesche Filmregisseur.
- 25. September: Glenn Gould, kanadescher Pianist, Komponist, Museksauteur.
- 25. September: Adolfo Suárez, spuenescher Politiker.
- 26. September: Manmohan Singh, indesche Politiker.
- 29. September: Robert Benton, Filmregisseur.
- 5. Oktober: Johanna Matz, éisträichesch Schauspillerin.
- 13. Oktober: Liliane Montevecchi, franséisch Schauspillerin, Dänzerin a Sängerin.
- 18. Oktober: Vytautas Landsbergis, litauesche Politiker.
- 19. Oktober: Lucile Saint-Simon, franséisch Schauspillerin.
- 27. Oktober: Jean-Pierre Cassel, franséische Schauspiller.
- 28. Oktober: Spyros Kyprianou, griichesch-zypriotesche Politiker.
- 30. Oktober: Louis Malle, franséische Filmregisseur.
- 1. November: Edgar Reitz, däitsche Filmregisseur.
- 4. November: Thomas Klestil, éisträicheschen Diplomat, Bundespresident.
- 8. November: Stéphane Audran, franséisch Schauspillerin.
- 10. November: Roy Scheider, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. November: Colleen Miller, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. November: Gunter Sachs, däitsch-schwäizeresche Fotograf, Filmregisseur, Playboy.
- 14. November: Annie Fratellini, franséische Clown a Schauspillerin.
- 15. November: Petula Clark, englesch Popsängerin a Schauspillerin.
- 19. November: Eleanor Helin, US-amerikanesch Astronomin.
- 22. November: Robert Vaughn, US-amerikanesche Schauspiller.
- 28. November: Gato Barbieri, argentineschen Jazz-Saxophonist a Komponist.
- 29. November: Jacques Chirac, President vun der franséischer Republik.
- 30. November: Gérard Lauzier, franséische Comiczeechner a Regisseur.
- 4. Dezember: Marc Michel, Schwäizer Schauspiller.
- 4. Dezember: Michele Lupo, italieenesche Filmregisseur.
- 5. Dezember: Little Richard, US-amerikanesche Rock 'n' Roll-Museker.
- 7. Dezember: Ligia Branice, polnesch Schauspillerin.
- 7. Dezember: Jim Kirchen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 8. Dezember: Charly Gaul, lëtzebuergesche Cyclist an Tour-de-France-Gewënner.
- 11. Dezember: Anne Heywood, englesch Filmschauspillerin.
- 18. Dezember: Josy Rongoni, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. Dezember: Nichelle Nichols, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 30. Dezember: Rosemarie Kieffer, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- Freddy Alborta, bolivianesche Fotograf.
- Gaston Dumont, lëtzebuergesche Vëlossportler.
Remove ads
Gestuerwen
- 7. Januar: André Maginot, franséische Politiker a Krichsminister.
- 26. Januar: William Wrigley Jr., US-amerikanesche Vëlosfabrikant.
- 28. Januar: Pierre Toussaint Stéfani, lëtzebuergeschen Entertainer.
- 10. Februar: Edgar Wallace, englesche Roman-Schrëftsteller, Dramatiker a Journalist.
- 16. Februar: Ferdinand Buisson, franséische Politiker a Pedagog; Friddensnobelpräisdréier.
- 28. Februar: Guillaume Bigourdan, franséischen Astronom.
- 28. Februar: Zoltán Ambrus, ungaresche Schrëftsteller.
- 7. Mäerz: Aristide Briand, franséische Politiker.
- 16. Mäerz: Georges-Marie Haardt, Direkter bei Citroën.
- 26. Mäerz: Antoine Kayser, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 28. Mäerz: Auguste Schumacher, lëtzebuergeschen Dokter.
- 28. Mäerz: Georges Dewandre, belschen Ingenieur.
- 31. Mäerz: Thomas David Anderson, schotteschen Amateurastronom.
- 4. Abrëll: Wilhelm Ostwald, däitsch-baltesche Cheemiker an Nobelpräisdréier.
- 17. Abrëll: André Koch, lëtzebuergesche Minneningenieur.
- 7. Mee: Paul Doumer, President vun der franséischer Republik.
- 10. Mee: Pierre Funck, lëtzebuergeschen Architekt.
- 16. Mee: Bernard J. Cigrand, US-amerikaneschen Zänndokter, Grënner vum Flag Day.
- 2. Juli: Manuel II., leschte Kinnek vu Portugal.
- 16. Juli: Mathias Cungs, lëtzebuergeschen Handwierker.
- 23. Juli: Alberto Santos Dumont, brasilianesche Fluchpionéier.
- 11. August: Maximilian Woloschin, russeschen Dichter a Moler.
- 26. August: Jean Mich, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1. September: Irene Abendroth, ukrainesch Sopranistin.
- 27. September: Jean Schoenberg, lëtzebuergeschen Architekt.
- 3. Oktober: Max Wolf, däitschen Astronom.
- 26. Oktober: Michel Schettlé, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. November: Willy Schütz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 3. Dezember: Marcelle Romée, franséisch Schauspillerin.
- 10. Dezember: Eugen Bamberger, däitsche Cheemiker.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: 1932 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads