Colin Clark
engleschen Ekonomist From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Colin Clark, gebuer den 2. November 1905, a gestuerwen de 4. September 1989, war en engleschen Ekonomist.
Hien huet op der Universitéit Cambridge (1931-1937) dozéiert an duerno bis 1952 an huet duerno an England an an Australien als Beroder bei deenen zwou Regierunge geschafft huet. De Colin Clark huet eng Rei vu Bicher geschriwwen, an dobäi ëmwälzend Theorien am Zesummenhank mat der Ekonomie an der Statistik entwéckelt. Hie war den éischten, deen de Brutosozialprodukt (BSP), an net de Bruttoinlandsprodukt (BIP) als Moossstaf vu sengen Aarbechte benotzt huet. Am bekanntste sinn awer seng Wuesstemstheorien. Mat sengem Buch The conditions of Economic Progress (1940, Nodrock 1982) ass him hei een Duerchbroch gelongen.
Fir de wirtschaftleche Fortschrëtt an engem Land sécherzestellen, muss et, no him, zu enger Verlagerung vun der aktiver Bevëlkerung aus dem Primären (Akerbau a Biergbau) an de Sekundären (Industrie) an duerno an den Tertiäre Wirtschaftssektor (Handel an aner Servicer) kommen. De Jean Fourastié huet spéider déi Theorie nach preziséiert an ausgebaut.
Remove ads
Säi Wierk
- Colin Clark: The conditions of of Economic Progress, (1940, repr. 1982)
- De Colin Clark huet ee wesentleche Bäitrag an der Columbia Encyclopedia geleescht.
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
