1989

Joer From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1989. D'Joer 1989 huet op engem Sonndeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

Evenementer

Europa

  • 06. Februar: Ronnen Dësch a Polen; Solidarność soll nees zougelooss ginn, d'Zensur ofgeschaf, an eng zweet Kummer, de Senat, dee fräi gewielt soll ginn, soll geschaf ginn.
  • 02. Mee: Ungarn fänkt domat un, d'Grenzspären no Éisträich ofzebauen.
  • 08. Mee: Éischt Nummer vun der Gazeta Wyborcza, der éischter legaler Oppositiounszeitung am Ostblock.
  • 09. Mee: De Slobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.
  • 04. Juni: Demokratesch Parlamentswalen a Polen: 'Solidaritéit kritt 99 vun 100 Sëtz am Senat.
  • 07. Juli: De Sommet vum Warschauer Pakt zu Bukarest decidéiert d'"Recht vun all Vollek op Selbstbestëmmung".
  • 19. Juli: De Wojciech Jaruzelski gëtt mat just enger Stëmm Majoritéit zum Staatspresident a Pole gewielt, den Tadeusz Mazowiecki (Solidarność) gëtt de 24. August den éischten net-kommunistische Ministerpresident.
  • 19. August: Beim "Paneuropäesche Picknick" zu Sopron an Ungarn maache sech Honnerte vun DDR-Bierger iwwer d'Grenz an Éisträich.
  • 23. August: Iwwer 1 Millioun Leit maachen eng Mënschekette vu 560 km op der Via Baltica tëscht Vilnius a Lettland an Tallinn an Estland.
  • 07. Oktober: D'Ungaresch Sozilistesch Aarbechterpartei nennt sech an Ungaresch Sozialitesch Partei ëm an entmuecht sech gréisstendeels.
  • 09. Oktober: Zu Leipzig gi bei der "Montagsdemonstration" trotz Verbuet 70.000 Leit op d'Strooss fir fir Reformen a Fräiheet ze demonstréieren; déi Woch drop sinn et der 120.000, nach eng méi spéit 300.000.
  • 18. Oktober: Den Erich Honecker trëtt als President vum Staatsrot vun der DDR zeréck, den Egon Krenz gëtt säin Nofollger.
  • 23. Oktober: An Ungarn trëtt déi nei Constitutioun a Kraaft: Ungarn ass eng Republik a keng "Volleksrepublik" méi.
Thumb
Den Checkpoint Charlie zu Berlin, an der Nuecht op den 10. November

Lëtzebuerg

Afrika

Amerika

USA

Mëttel- a Südamerika

Asien

Ozeanien & Pazifik

Arabesch Welt

Remove ads

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Musek

Film

  • Driving Miss Daisy kritt den Oscar fir de beschte Film.
  • Sex, lies and videotapes kritt d'Gëlle Palm zu Cannes.
  • Camille Claudel kritt de César fir de beschte Film.

Lëtzebuerg

Remove ads

Wëssenschaft an Technik

Sport

  • 1.-3. Juli: De Prolog, déi 1. an déi 2. Etapp, souwéi den Depart vun der 3. Etapp vum Tour de France sinn zu Lëtzebuerg. De Greg LeMond gewënnt am Generalklassement 8 Sekonne virum Laurent Fignon.

Fousball

  • 09. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Prag, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:4 géint Tschechoslowakei.[1]
  • 01. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lille, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:5 géint Belsch.[2]
  • 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Saarbrécken, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:3 géint Portugal.[3]
  • 25. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Bréissel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Guy Hellers geschoss.[4]
  • 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu St. Gallen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:2 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Théo Malget geschoss.[5]
Remove ads

Gebuer

Remove ads

Gestuerwen

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: 1989 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads