Colonia (Film)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Colonia ass en däitsch-lëtzebuergesch-franséische-brittesch Spillfilm vum Oscar-präméierte Regisseur Florian Gallenberger. Den Thriller hat seng Première den 13. September 2015 um Toronto International Film Festival a koum den 18. Februar 2016 an Däitschland eraus.
Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
D'Lena, eng Stewardess, besicht am September 1973 hire Frënd Daniel, e Fotograf, zu Santiago de Chile. Beim Putsch vum Augusto Pinochet géint de Salvador Allende gëtt den Daniel verhaft an e verschwënnt an engem geheime Gefaangelager. D'Lena fënnt eraus, datt en an der Colonia Dignidad gefaange gehale gëtt, enger Sekt, déi diktatoresch vum Paul Schäfer gefouert gëtt. Hatt decidéiert, do anzetrieden, fir esou un den Daniel erunzekommen ...
Remove ads
Soss
De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film mat 2.200.000 Euro ënnerstëtzt.[1]
Eng Parti vum Film gouf am Oktober 2014 zu Lëtzebuerg, an der Géigend vun Uewermaartel an enger fréierer Leekoll gedréint.[2] Aner Zeene goufen an de Kasematten an am Mëllerdall opgeholl. Duerno gouf zu München an zu Berlin weidergedréint, an uganks 2015 och zu Buenos Aires.
De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Bescht Fiktiouns-Koproduktioun" nominéiert.[3]
Remove ads
Um Spaweck
Referenzen
- filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 2 mai 2014
- cineuropa.org: Luxembourg's D'Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads